🦊🫶🏼 MERCI THIERRY
Et ass Zäit an leider musse mir eis och vun enger weiderer HBD-Legend verabschieden!
Den Thierry Hensen huet bal iwwer 15 Joer bei eisen Hären gespillt an och wann heiansdo Pausen oder schlëmm Verletzungen dertëscht komm sinn, huet hien ëmmer rëm bewisen dass en de Gol zou maache kann! 💪🏼
E grousse Charakter um Terrain an och niewent dem Terrain, deen ëmmer fir seng Equipp gekämpft huet an ëmmer 100% Asaz gewisen huet! 🫡
Mir kënnen him nëmmen dankbar si fir all déi Arreën déi hie fir eis gemaach huet an sech och mat Titele selwer beloune konnt 🏆
Eng grouss Karriär fir e grousse Goalkeep an e Numm deen net wäert vergiess ginn an den HBD-Geschichtsbicher! 🙏🏼
Hannerloost e Like fir dem Thierry Hensen aka T.H. MERCI ze soen‼️
HBD e Liewensgefill🦊