🦊😲 RUSTY’S BALLSCHOUL !!!

15/02/2026 Patrick Steffen Blog Home

 

Ab Abrëll mëscht den HBD, dem Rusty seng Ballschoul op! Mir wëllen eis Mini-Fiissercher scho fréi ënnerstëtzen, eppes flottes ubidden a de méiglechen Iwwergang an d’U7 vereinfache.

Ob Lizenz oder net, ob schonn an engem Sportsveräin oder net, jidderee kann sech ab elo umelle!

De Rusty huet sech fir seng Schoul e puer kompetent a qualifizéiert Traineren geangelt an a sengem Plan d’études steet ganz kloer d’Motorik am Vierdergrond! 🙌🏼☝🏼

Fir ween? 4-5 Joer al Fiiss (Joergang 2020-2021), jiddereen ass wëllkomm! (Keng Lizenz noutwenneg) 🫶🏼

Wou? Centre Sportif Rene Hartmann 🏟️

Wéini? Samschdes 10h45 – 11h45 ⌚️

Datumer? 18.04 / 25.04 / 06.06 / 20.06 / 04.07 📆

Mellt Iech elo u well leider sinn d’Plazen am Rusty senger mega Ballschoul limitéiert (20 Kanner) fir e gudden Encadrement ze assuréieren. ⚠️ First come, first serve ‼️

Wei mellt dir iech un? Maacht eng Email mam Numm vum Kand an de Gebuertsdatum op marketing@hbd.lu. oder schreiwt eis einfach op Facebook oder Instagram. 📝

Join the fun and shine at Rusty’s school! ✨

HBD e Liewensgefill 🦊

0
    0
    Your Cart
    Your cart is emptyReturn to Shop