Präsidente vum
F91 Diddeleng,
HBD Handball Diddeleng an
T71 Dudelange hunn sech fir en éischte kollegialen Austausch getraff.
Am Fokus vum Treffe stoungen Themen ewéi e.a. Nowuesförderung, Benevolat, Finanzéierung an dat neit ASBL Gesetz. Och wann sech déi 3 Sportaarten
ënnerscheeden, gläichen sech awer ganz oft d’Erausfuerderungen, a mer sinn iwwerzeegt dass mer duerch e reegelméissegen Austausch villes méi effektiv ugoe kënnen.
Mir sinn eis bewosst dass mer mat iwwer 1000 Kanner a Jugendlecher, déi Woch fir Woch an eise Veräiner aktiv sinn, eng enorm Verantwortung fir déi Diddelenger Sportlandschaft hunn.
Eise Message ass kloer: Zesummen si mer méi staark-fir de Sport, eis Veräiner a fir déi ganz Gesellschaft!