Newsletter 12

04/12/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Wëllkomm zeréck!

E Mëttwoch, 4.ten Dezember, huelen eis Dammen Deel un der Award-Nominéierung fir d‘Ekipp vum Joer.

Mir wënschen hinne vill Gléck an drécken d‘Daumen.

Hir gutt Leeschtung konnten eis Dammen déi lescht Matcher beweisen.

Um Spëtzematch géint Käerjeng (den 20/11/24) konnten sech eis Fiiss kloer behaapten, dëst mat engem Endresultat vu 37-25.

Den 23/11/24 hunn eis Dammen héich um Standard gewonnen, dëst mat engem Schlussresultat vu 23 – 43.

Leschten Weekend (30/11/24) hunn si sech déi nächst 2 Punkte geholl. Den HC Réiden-Atert huet misse Forfait deklaréieren.

Eis Häre konnten och e puer Punkte mat Heem huelen. 

Den 23/11/24 gouf et eng spannend Partie tëschent dem HC Bierchem an dem HBD, déi mat engem Gläichstand ausgaangen ass. D‘Endresultat war 39-39. 

Leschte Weekend (30/11/24) hunn eis Häre géint Dikrech gespillt. Eis Fiiss hunn e schéint Spill um Terrain gewisen a gewanne mat 38 zu 20.

Hei weider Resultater vun eiser Jugend:

23/11/24:

U15F : HBD – Entente Kordall : 35 – 8

U17G : HBD – HC Bierchem : 30 – 31

24/11/24:

H2 : HBD – Mersch 75 : 36 – 20

30/11/24:

U17G: HBD – HB Museldall : 38 – 26

U13: HB Käerjeng – HBD : 28 – 24

1/12/24:

U15F: HC Standard – HBD: 19 – 23

U15G : HBD – HC Standard : 46 – 30

H2: HBD – Red Boys Déifferdeng : 35 – 26

Des Matcher stinn un:

7/12/24:

U13: HBD – HC Standard 3 um 14.00 Auer

U15F : HBD – HB Bieles um 16.00 Auer

H2 : HB Esch 3 – HBD um 17.45 Auer

H1 : HBD – HB Käerjeng um 18.00 Auer

D1 : HBD – HB Museldall um 20.15 Auer

8/12/24:

U11 : HBD – HC Standard um 16.00 Auer

Nächst Woch en Dënschden, spillen eis Häre, souwéi eis Damme schonn hier nächst Matcher:

D1 : HBD – CHEV Dikrech um 20.00 Auer

H1 : HB Esch – HBD um 20.30 Auer

Leschten Sonnden haten eis jonk Fiiss grousse Besuch. No flotten Atelier‘en am Laf vum Moien, begleet vu léiwe Wichtelen, ass de Kleeschen de Kanner eng kleng Titche brénge komm.

Eng weider Iwwerraschung gëtt et dëse Samschden (7/12/24) um Baby Handball.

Eng Kleeschen-Editioun ass virgesi mat Deko, Verkleedungen, flott Aktivitéiten a souguer e klenge Kaddo.

Mir hoffen iech e Samschden an der Hal unzetreffen – e flotten Dag steet un!

Léif Gréiss a bis geschwënn…

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun:












0
    0
    Your Cart
    Your cart is emptyReturn to Shop