Léif Frënn vum Handball Diddeleng,
De Weekend hunn eis Dammen, am Kader vun der Coupe d’Europe, e weidere Match gespillt.
Eis Fiiss hu gutt gekämpft, leider ass et net duer gaange fir de Match ze wannen… Beim Ofpaff steet et dann 22-30 fir d’Hollännerinnen.
Mee, et steet nach näischt fest! We believe…de Réckmatch ass nächste Samschden an alles ass machbar!
Mir wënschen eisen Damme vill Gléck a gitt alles!
Fir hir gutt Leeschtunge vu leschter Saison sinn eis Dammen och fir d’ « Ekipp vum Joer » op der Awards Night nominéiert ginn.
Mat bësse Gléck bréngen eis Fiiss en nächsten « Titel » an d’Fox du Sud.
Hei fannt Dir nach déi aner Resultater vum Weekend:
U15F : HBC Schëffleng – HBD : 23 – 25
U15F : Chev Dikrech – HBD : 12 – 31
H2 : HC Standard – HBD : 23 – 31
Eisen U7-Plateau hat e schéine Succès – eng 60 Kanner hunn de Wee, mat hire Veräiner, bis an den CSRH fonnt.
Des Matcher stinn de Weekend un:
E Samschden, 16 November, spille follgend Ekippen :
U13 : Miersch 75 – HBD um 10.30 Auer
U15F : HB Museldall – HBD um 12.15 Auer
U17G : HBC Attert – HBD um 15.00 Auer
H1 : HBD – HC Standard um 20.15 Auer
H2 : HC Bierchem – HBD um 20.15 Auer
E Sonnden (17/11) geet et viru mat dëse Matcher:
U15G: HBD – Entente Kordall um 16.00 Auer
U17F: HBD – HB Museldall um 18.00 Auer
Dir kënnt iech schonn notéieren, dat eis Dammen hiren nächste Match e Mëttwoch (20/11) spillen, dëst géint den HB Käerjeng um Dribbel.
Mir wënschen all eise Fiiss vill Gléck!
Léif Gréiss a bis geschwënn…
Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: | ||
---|---|---|
![]() |
![]() ![]() |
![]() ![]() |