Léif Frënn vum Handball Diddeleng,
Mir begréissen iech zeréck no enger klenger Woch Paus.
Virun der Paus, huet nach eng Editioun vum Baby Handball stattfonnt, dëst ënnert enger Halloween Variant. Eng ganz Rëtsch Kanner hunn de Wee, verkleet, bis an d‘Hal fonnt a konnten eng kleng séiss Iwwerraschung mat Heem huelen. Dëse Samschden ass et nees esou weit – kommt mat äre klenge Butze bis an d‘Hal laanscht luussen.
Eis Häre, souwéi eis Dammen, waren iwwert déi leschte Woche méi gemittlech ënnerwee.
Eis Häre-Fiss hunn hire leschte Match op der Red-Boys gespillt, dëst de 26/10. Et war eng spannend Partie mat vill hin an hier, déi awer eis Fuussen zum Schluss leider verluer hunn. De Match geet mat 26-25 op en Enn.
Eis Dammen si leschte Samschden (2/11) bis op Esch gereest, wou si weider 2 Punkte gesammelt hunn. Si gewanne mat 27-20 géint d’Escher Dammen.
Dëse Weekend geet et nees weider mat de Matcher.
En Donneschden (7/11) geet et lass:
U15F : HBC Schëffleng – HBD um 17.00 Auer
Sonndes (10/11) geet et weider mat:
U7 Plateau am CSRH
U11 : Turnéier zu Käerjeng
U11 2 : Turnéier zu Bierchem
U15F : Chev Dikrech – HBD um 14.30 Auer
D1 : HBD – Juro Unirek VzV um 16.00 Auer
H2 : HC Standard – HBD um 16.00 Auer
Verschidde vun eise Fiiss spillen dëse Samschden och an der Coque mat der Nationalekipp géint Kroatien – also falls dir nach näischt geplangt hutt, kommt bis an d’Coque laanscht luussen.
Dëse Weekend ass et nees esou wäit an eis Damme spillen am Kader vun der Coupe d‘Europe den nächsten Tour.
Si trieden e Sonnden um 16h00 am CSRH géint Juro Unirek VzV, eng hollänesch Ekipp, un. Kommt all an d‘Hal, eis Damme brauchen all Ënnerstëtzung wou se kënne kréien.
Mir wënschen eise Fuusse-Damme vill Gléck op hirer internationaler Aventure.
Léif Gréiss a bis geschwënn…
Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: | ||
---|---|---|