Léif Frënn vum Handball Diddeleng,
No engem méi rouege Weekend melle mir eis zeréck.
Eis Inclusiounskommissioun hat an Zesummenaarbecht mat Back2Sport e Wheelchair Handball Training organiséiert.
Des flott Initiativ hat e schéine Succès – dofir halt d’Ouere steif fir weider Infoen an Aktivitéiten an nächster Zukunft.
Et bleift roueg mat de Matcher an dëse Weekend triede just eis Fuussehären un, dëst e Samschden (26/10) op der Red Boys.
Mir ginn iech Rendez-vous um 20.15 zu Nidderkuer an der Hal – kommt laanscht an ënnerstëtzt eis Fiiss!
Hei fannt dir d‘Resultater vum leschte Weekend:
U13: HBD – Käerjeng : 23 – 28
U17G : Käerjeng/Esch – HBD : 33 – 35
U15F : HBD – Esch/Käerjeng : 21 – 23
H2 : HB Käerjeng – HBD : 26 – 31
U15G : CHEV Dikrech – HBD : 33 – 51
Dëse Samschde fënnt deen nächste Baby Handball statt, dëst ënnert enger Halloween-Form – dofir kommt all verkleet an d‘Hal.
Eppes Séisses gëtt et dann eventuell och.
Wann ee vu Séisst schwätzt denkt een och u Schockela. Sieft mat Zäiten un a bestellt äre Schockela fir d‘Feierdeeg. Dëst Joer organiséiert den HBD nees a Zesummenaarbecht mat Jeff de Bruges eng Schockelasaktioun. De Katalog, souwéi de Bestellschäi fannt dir reegelméisseg an der Hal oder kontaktéiert eis fir en Digital ze kréien. Bis Ufank November kënnt dir är Commande erareechen.
Léif Gréiss a bis geschwënn…
Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: | ||
---|---|---|