Newsletter 07

17/10/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

E Samschde war nees eise Baby-Handball. Iwwert 60 kleng Butzen haten de Wee bis an d’Hal fonnt a konnten e flotte Muere verbréngen. Mir soe Merci dat esou vill Leit präsent waren – dofir hu mir eis eng kléng Iwwerraschung fir déi nächste Kéier (26.10) ausgeduecht.

 

Eis Häre konnten sech géint Rëmeleng gutt duerchsetzen, dëst mat engem Endresultat vu 40-18.

Eis jonk Fiiss waren och fläisseg dëse Weekend ënnerwee – hei fannt dir hir Resultater:

U17G: Entente Kordall – HBD : 26 – 49

U13: HBC Schëffleng – HBD : 12- 9

U17F: HBD – Esch : 14 – 43

H2: HBD – Esch 2 : 40-25

 

Déi nächst Matcher stinn och schonn un:

Eis Häre souwéi eis Damme sinn dëse Weekend spillfräi a kënnen sech vun deene leschten Wochen e wéineg erhuelen.

Eis Fiissercher sinn awer weiderhin aktiv – hei hire Spillplang :

E Samschde (19/10) sti follgend Matcher un :

U13: HBD – Käerjeng um 14.00 Auer

U17G : Käerjeng/Esch – HBD um 15.45 Auer

U15F : HBD – Esch/Käerjeng um 16.00 Auer

H2 : HB Käerjeng – HBD um 18.00 Auer

E Sonnden (20/10) geet et virun :

U11-2 am CSRH um 10.00 Auer

U11 zu Péiteng um 10.00 Auer

U15G : CHEV Dikrech – HBD um 16.00 Auer

U17F : Entente Kordall – HBD (éventuellement remis) um 16.00 Auer

 

Eis Dammen si leschten Freideg Richtung Holland gefuer, dëst fir hire Retour-Match am Kader vun der EHF European Cup ze spillen.

D’Endresultat schwätzt fir sech : eis Fiiss gewanne mat 30 zu 18. Top Leeschtung vun eisen Dammen.

Eis Fuussen-Damme spillen e super Match a qualifizéieren sech souverän fir déi nächst Ronn. 

Den Tirage fir déi drëtt Ronn huet en Dënschde Mëtte stattfonnt an esou steet den nächste Géigner scho fest.

D’Rees geet nees a Holland fir géint JuRo Unirek VZV unzetreiden.

Let’s go Girls!

Mir stinn hannert iech!

HBD, e Liewensgefill !

 

Léif Gréiss a bis geschwënn…

 

 

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun:












0
    0
    Your Cart
    Your cart is emptyReturn to Shop