Léif Frënn vum Handball Diddeleng,
No engem schéi gefëllte Weekend melle mir eis bei iech zréck.
Eis Dammen hunn hier Europa-Rees gutt gestart a konnten den Heemmatch fir sech gewannen. An der Paus stoung et 10 zu 7.
An der zweeter Hallschent hunn eis Fiiss nach eng Kéier ugerappt a gewannen op 5 géint Veneco Velo, mat 22 zu 17.
Dëse Weekend geet d‘Aventure weider – eis Fiiss reesen an Holland, dëst an der Hoffnung den zweete Match och fir sech entscheeden ze kënnen.
Eis Hären duerften an der leschter Woch zwee Mol untrieden, dëst géint Bierchem a Miersch.
Eng spannend Partie gouf et en Donneschde mam Match géint den HC Bierchem. Déi zwou Ekippen hunn eng staark Leeschtung bewisen an esou ass de Match mat engem Gläichstand ausgaangen, 41-41.
Sonndes hunn eis Fuusse-Hären hier éischt Ronn an der Coupe konnte fir sech gewannen, dëst mat engem Endresultat vun 19 zu 44 géint Miersch.
Hei d‘Resultater vun eise jonke Fiiss:
U15F : HB Bieles – HBD : 0- 20 (Forfait)
U13 Coupe : HBD – HB Kaerjeng : 29 – 28
U17F : HC Standard – HBD : 17 – 18
Hei dann och déi nächst Matcher, déi e Samschden (12/10/2024) ustinn:
U17G: Entente Kordall – HBD um 15.30 Auer
U15F: HBC Schëffleng – HBD um 17.00 Auer
D2: HB Bieles – HBD um 20.15 Auer
H1 : HBD Espérance Rëmeleng um 20.15 Auer
Sonndes (13/10/2024) geet et weider mat dëse Matcher:
U9 Tournoi um Standard
U13: HBC Schëffleng – HBD um 15.00 Auer
U17F: HBD – Esch um 16.00 Auer
H2: HBD – Esch 2 um 18.00 Auer
Leschte Samschden huet och de Baby Handball nees stattfonnt. Fazit : et war e groussen Erfolleg! Kleng souwéi Grouss ware begeeschtert – dofir schreift iech déi nächst Datumer an de Kalenner!
Mam Start vun der Hierschtkiermes kënnegt sech d‘Oktoberfest un – dofir denkt drun ären Dësch (souwéi äre Menü) ze reservéieren! Mir freeën eis mat iech ze feieren!
Léif Gréiss a bis geschwënn…
Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: | ||
---|---|---|
![]() |
![]() ![]() |
![]() ![]() |