Léif Frënn vum HB Diddeleng,
Wëllkomm zeréck!
Leschte Samschden hate mir eise Season Opening, deen e groussen Erfolleg war.
Mir soe jidderengem Merci, deen de Wee bis an d’Hal fonnt huet.
Soumat wënsche mir jidderengem e gudde Start an d’Saison 2024/2025.
De Weekend hunn e puer Matcher stattfonnt, hei d’Resultater vum Weekend:
H1 : Chev Diekirch – HBD : 30-43
U13 : HBD – HC Bierchem : 9-38
U17G : HB Museldall – HBD : 18-36
H1 : HB Kaerjeng – HBD : 35-37
U15F : HBD – HC Standard : 32-20
U15G : HBD – HC Attert : 45-30
H2 : HBD – HB Esch 3 : 26-15
Déi nächst Matcher sti scho virun der Dier.
En Donneschden huelen eis Hären hire Match vum 21 September no a spillen heiheem géint Bierchem um 20.30. De Matchgewënner hëlt sech esou d’Tabellespëtzt.
E Samschden (5/10/2024) sti follgend Matcher um Programm:
U15F : HB Bieles – HBD um 16.00 Auer
D1 EHF EC : HBD – Veneco Velo um 19.00
Kommt all an den CSRH an ënnerstëtzt eis Dammen op hirer « Europa-Rees ».
E Sonnde geet et viru mat dëse Matcher:
U11 Turnéier um 9.00 Auer
U13 Coupe : HBD – HB Kaerjeng um 14.00 Auer
U17F : HC Standard – HBD um 16.00 Auer
H1 Coupe : Miersch 75 – HBD um 18.00 Auer
Ënnert dësem Link fannt dir eise Match-Kalenner:
Huelt äre Kalenner raus an notéiert iech déi nächst Eventer :
Eist Oktoberfest ass zeréck! Denkt drun ären Dësch fir d’Oktoberfest ze reservéieren andeems dir eng Mail un contact@hbd.lu maacht.
Sicht äre Menü eraus an deelt eis dee mat!
Schlachterplatte mat Bretzel, Schwengshax, 1/2 Mass Béier oder 1 Soft oder 1 Cremant
Schlachterplatte mat Bretzel, Kallefsschnitzel, 1/2 Mass Béier oder 1 Soft oder 1 Cremant
Veganplatte mat Bretzel, Falafel mat Zalot, 1/2 Mass Béier oder 1 Soft oder 1 Cremant
Kommt mat eis e bësse feieren!
Léif Gréiss a bis geschwënn…
Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: | ||
---|---|---|