Newsletter 04

24/09/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Moie léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Eis Hären hunn de Wee zréck an de Fuussebau fonnt no hirer Rees an Italien (Sardinien – Sassari) fir d’Coupe d’Europe.

Eis Fiiss hunn haart gekämpft an eng Teamleeschtung bruecht – leider ass et awer net duergaange fir an déi nächst Ronn.

E Freiden hunn se um « Heemmatch » gläich gespillt, dëst mat engem Endresultat vu 36 zu 36. E Samschden hunn se bis zum Schluss Wëlle bewisen, leider ass et an deene leschte Sekonnen net méi duer gaangen. Esou gewënnt Sassari 39 zu 38.

 

Hei am Land war et e wéineg méi roueg wat d’Matcher ugeet.

Eis Dammen huelen sech déi nächst 2 Punkten, dëst mat enger Victoire géint den HB Museldall. Zum Schluss stoung et 22-20 fir eis Fiiss.

Eis zweet Härenekipp verléiert leider hieren éischte Match mat 21 zu 34 géint d’Red Boys.

Déi nächst Matcher sti schonn virun der Dier. 

Eis Hären hunn net vill Paus a spille schonn en Donneschden (26/09) géint Dikrech zu Dikrech um 20.30 Auer.

De Weekend geet direkt weider :

E Samschden (28/09) sti follgend Matcher um Programm :

U13 : HBD – HC Bierchem um 14.00 Auer

U17G : HB Museldall – HBD um 16.00 Auer

H1 : HB Kaerjeng – HBD um 20.15 Auer

Eis Dammenekipp kann dëse Weekend pausen.

Verschidde vun eise Spillerinnen trieden awer mat der Nationalekipp géint d’Belsch un – kommt se e Samschden um 16.00 am CSRH ënnerstëtzen.

E Sonnden (29/09) geet et viru mat de Matcher :

U15F : HBD – HC Standard um 11.00 Auer

U15G : HBD – HC Attert um 17.00 Auer

H2 : HBD – HB Esch 3 um 19.00 Auer

 

Denkt drun : Nächste Samschden ass et esou wäit ! De Season Opening steet un!

Kommt all laanscht, et erwuart iech e flotten Dag !

 

Hei weider Stéchdatumer mat den nächsten Events :

  • 5 Oktober : Coupe d’Europe Dames
  • 5 Oktober : Baby Handball
  • 12 Oktober : Coupe d’Europe Dames
  • 20 Oktober : HBD Oktoberfest am Kessel

Léif Gréiss a bis geschwënn…

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun:












0
    0
    Your Cart
    Your cart is emptyReturn to Shop