Léif Frënn vum Handball Diddeleng,
Mir begréissen iech zeréck mat eiser zweeter Newsletter vun der Saison !
Déi éischt offiziell Matcher si gespillt ginn an esou kenne mer iech déi éischt Resultater matdeelen.
Eis Dammen hunn um Supercup eng top Leeschtung bruecht a bréngen esou den éischten Titel Heem. Si gewannen de Match um Käerjenger Dribbel mat 18-16 géint d’Käerjenger Dammen.
Leschte Samschden (07.09) sinn déi éischt Championnatsmatcher gespillt gi :
Eis Damme gewannen héich géint den HC Standard, dëst mat 41 zu 13.
Och eis Hären huelen sech déi 2 Punkte géint d’Red Boys, mat engem Endresultat vu 34 – 29.
Nächste Weekend ginn déi nächst Matcher gespillt : eis Häre souwéi eis Damme reesen auswäerts an der Hoffnung déi 2 nächst Punkte mat Heem ze huelen.
D’Häre spillen um 20.15 Auer géint den HC Standard.
Eis Damme reesen e wéineg mei weit fir géint den HC Redange unzetrieden, dëst um 19.30 Auer.
Eis Jugend kann nach e bësse raschten an sech fir déi éischt Matcher um Enn vum Mount präparéieren.
Sidd dir interesséiert mat eise Fiiss op d’Coupe d’Europe ze reesen? Dann kontaktéiert eis iwwert Mail (contact@hbd.lu mam Betreff « Coupe d’Europe ») fir weider Informatiounen.
Dir hutt d’Méiglechkeet, als HBD-Member, vum Virvekaaf fir de Match Lux-Cro an der Coque ze profitéieren. Wat muss dir dofir machen? Einfach eng Mail un « contact@hbd.lu ». Déi éischt si vir !
D’Jugendkommissioun organiséiert dëst Joër nees en Olympiadag, dëst de 14 September. Denk drun dech unzemellen fir e flotten Dag an engem kannerfrëndleche Kader ze verbréngen.
Den HBD invitéiert iech op den « Season Opening », den 28 September ab 11h00 am Centre sportif René Hartmann. Hei erwaart iech villes: Präsentatiounen vun den Ekippen, U13 Match, Lännermatch (Lux-Bel), Animatiounen a villes méi ! Fir Gedrénks an Iessen ass gesuergt! Mir freeën eis op äre Besuch – kommt all laanscht!
Zur Erënnerung, hei nach e puer Stéchdatumer :
14.09 : Rusty’s Olympia Day
28.09 : Season Opening
28.09 : Inklusive Schnupperdag
28.09 : Lännermatch (Dames) : Lux-Bel am CSRH
20.10 : HBD-Oktoberfest op der Kiermes
Léif Gréiss a bis geschwënn…
Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: | ||
---|---|---|