Newsletter 33

15/06/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Um leschte Weekend hunn eis U17-Jonge leider misse Forfait géint den HC Bierchem erklären. Dee Match gëtt also 20:0 gewäert. Eis U13 ware géint d’Red Boys am Asaz an hunn déi Partie 43:17 verluer. Si schléissen domat hiert Championnat op enger virleefeger drëtter Plaz of. Géifen d’Mierscher hiren Nodrosmatch géint d’Red Boys nach gewannen, géif doraus déi véiert Plaz. Eis U15-Jongen hu géint den HC Standard 43:10 gewonn. An eis U17-Meedercher hu sech mat 32:19 géint den Handball Museldall duerchgesat.

Dëse Weekend um Programm
Haut um 17:00 Auer spillen eis U17-Jongen zu Schëffleng hire lescht Match vun der Saison.

Muer um Sonndeg gëtt zu Miersch ab 10:00 Auer en FLH-Plateau fir d’U8 organiséiert. Eis U15-Jonge schléissen hir Saison um 16:00 Auer doheem mat engem Match géint d’Entente Museldall/Miersch of. Sollte si déi Partie gewannen an d’Bierchemer – momentan op der éischter Plaz am Klassement – gläichzäiteg hire Match verléieren, wiere se punktgläich an der Tabell. Eis U17-Meedercher spillen um 18:00 Auer doheem géint den Handball Käerjeng. Dës Partie ass eng Finall ëm de Championstitel, déi zwou Ekippen trenne just annerhallwe Punkt.

In other news
Eis éischt Damme goufen op der Soirée des Lauréats vun der FLH fir hir exzellent Leeschtungen dës Saison belount. Nieft dem Fair-Play-Präis fir d’Ekipp goufen d’Ninon Bolle als Most Valuable Player an de Mikel Molitor als Most Valuable Coach ausgezeechent.

De 6. Juli organiséiert den HBD zesumme mam Kessel d’HBD Summerparty. Dat Ganzt fënnt ab 18:30 Auer op der Diddelenger Kiermes statt. Dir kënnt tëscht dräi Menüe wielen:

  • Menü 1 (45€)
    Schlachterplatte a Bouchée à la reine
  • Menü 2 (42€)
    Schlachterplatte a Wäinzoossiss mat Purée
  • Menü 3 (42€)
    Veganplatte a Falafelszalot

Bei all Menü ass eng hallef Maass Béier, e Softdrink oder e Crémat mat derbäi.
Mellt Iech ab elo mat Ärem Numm, Virnumm an dem gewënschte Menü un: 621 271 981.

An dann ass haut natierlech d’Fête de la Musique, wou den HBD traditionell mat engem Stand vertrueden ass. Kommt bis laanscht an drénkt e Patt mat eis!