Newsletter 32

06/06/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

D’Saison geet lues op en Enn, mee fir e puer Ekippe stinn nach Matcher um Programm. Eis U17-Meedercher hunn de Sonndeg géint de CHEV Dikrech gespillt an déi Partie verluer. D’Diddelengerinnen hate kee gudde Start erwëscht, a waren an der 19. Minutt scho 5 Goler hannen. An der 38. Minutt konnten d’Spillerinne vun Dikrech hire Virsprong op e Maximum vu 7 Goler ausbauen – do stoung et 20:13. Eis Meedercher hu Kampfgeescht gewisen a sech an der Schlussphas erugekämpft. Um Enn sollt et mam Resultat vu 25:24 ganz knapp net duergoen.
Eis zweet Damme sinn an hirer leschter Partie vun der Saison géint den HC Standard ugetrueden an hei iwwer laang Strecken engem Réckstand vun ee bis zwee Goler nogelaf. D’Endresultat war mat 25:25 e Gläichspill, dat awer näischt méi drun ännert, dass eis Dammen hir Campagne op der éischter Plaz vun der Tabell ofschléissen.

Dëse Weekend um Programm
Dëse Samschdeg um 15:30 Auer spillen eis U17-Jongen auswäerts géint den HC Bierchem. Um 16:00 Auer trëfft eis U13 zu Nidderkuer op d’Red Boys. De Samschdeg ass iwwregens och vun 11:00 bis 19:00 Auer d’Nuit du Sport. Den HBD huet e Stand op der Gemengeplaz, mat Gegrills an engem Parcours fir d’Kanner. Kommt bis laanscht!

De Sonndeg um 10:00 Auer fënnt zu Bieles en FLH-Turnéier fir d’U11 statt. Um 16:00 Auer spillen eis U15-Jongen doheem géint den HC Standard. An am Uschloss trieden eis U17-Meedercher am Hartmann géint den Handball Museldall un.

HBD e Liewensgefill!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: