Doublé!

30/05/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Eis Damme feieren den éischte Championstitel säit 2016. Zu Käerjeng hu si sech am leschten an decisive Match vun der Saison duerchgesat.
An dobäi hat et laang ausgesinn, wéi wann d’Käerjengerinnen hiren Titel verteidege géifen. Virun enger struppevoller Tribün sinn an der éischter Hallschent op béide Säiten nëmme ganz wéineg Goler gefall, dat wéinst technesche Feeler, mee och well d’Golkipperinnen eng gutt Leeschtung ofruffe konnten. No 18 Minutte stoung et eréischt 5:5. Am Uschloss huet Käerjeng besser an de Match fonnt a sech ofgesat. Fir d’Paus stoung et 13:8, wat no enger Virentscheedung ausgesinn huet.
Eis Dammen haten an der zweeter Hallschent also eng kloer Aufgab, déi hinne vun de Käerjengerinnen awer net einfach gemaach gouf. An der 41. Minutt stoung et 18:13. An dunn huet de Wand op eemol gedréit. Wärend Käerjeng ëmmer méi Schwieregkeete krut, hunn d’Diddelengerinnen eng sensationell Wëllenskraaft un den Dag geluecht, endlech an hiert Spill fonnt a sech Gol vir Gol erugekämpft. An der 49. Minutt stoung et 20:20 – de Match war erëm op, an d’Leit op der Tribün net méi ze halen. Käerjeng huet zwar ëmmer erëm virgeluecht, zum 21:20, zum 22:21, dann zum 23:22, mee an der 57. Minutt konnten eis Dammen a Féierung goen an déi bis zum Schluss verteidegen. Um Enn stoung et 24:26.

Domat gewannen eis éischt Dammen also an engem extrem spannende Match no der Coupe och d’Championnat. Si hunn am Playoff all Partie gewonn.

Dës Woch um Programm
Wärend d’éischt Damme sech an d’Summerpaus verabschiden, hu verschidden aner Ekippen nach e puer Spilldeeg viru sech. Dëse Sonndeg um 15:00 Auer trieden eis U17-Meedercher auswäerts géint de CHEV Dikrech un. D’Nächst Woch spillen donneschdes eis zweet Dammen doheem géint den HC Standard. Dës Partie ass en Nodrosmatch, duerch dee sech fir béid Ekippen am Klassement näischt méi ännere kann – eis zweet Dammen hunn hir Campagne elo scho sécher als Tabellenéischt ofgeschloss.

HBD e Liewensgefill!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun:












0
    0
    Your Cart
    Your cart is emptyReturn to Shop