Showdown zu Käerjeng

25/05/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Um leschte Weekend hunn eis U13 géint den Handball Bieles gespillt an dee Match 24:16 gewonn. D’U15-Jonge sollte géint den HBC Attert untrieden, deen huet awer Forfait erkläert, sou dass d’Partie 20:0 gewäert gëtt. D’U17-Jongen hunn 29:36 géint Käerjeng verluer. Bei den zweeten Dammen huet d’Ekipp vu Käerjeng Forfait erkläert. Domat schléissen d’Diddelengerinnen trotz engem Nodrosmatch, deen nach gespillt muss ginn, d’Saison sécher op der éischter Plaz vun der Tabell of. Si hunn all Match gewonn. D’Zweet Hären hunn op der Red Boys 23:30 gewonn. Fir si war et de leschte Match vun dëser Saison, déi se op der zweeter Plaz vun der Tabell ofschléissen.

Eis éischt Damme beloune sech fir hir exzellent Saison mat der Finall géint Käerjeng. De leschte Weekend sinn d’Diddelengerinne géint den Handball Esch mat engem 4:0-Laf an de Match gestart. Déi éischt Hallschent war vun enger Rëtsch technesche Feeler gezeechent, duerch déi den Ecart an der Paus mat 19:13 manner héich war, wéi en dat hätt kënne sinn. Nom Säitewiessel hunn eis Damme besser an hiert Spill fonnt, an der 45. Minutt stoung et schonn 32:18, an d’Partie ass 42:29 op en Enn gaang.

D’Éischt Häre ware fir hire leschte Match géint de Champion Bierchem am Asaz. Et gouf séieren Handball gespillt, mat ville Goler an enger wéineg effikasser Defense op béide Säiten. Bis zur 14. Minutt stoung et ëmmer erëm gläich, duerno konnten d’Fiiss sech liicht ofsetzen. No 30 Minutte stoung et 20:25. An der zweeter Hallschent ass et mat de Goler monter weider gaang, mee um Ecart huet sech net vill geännert. An der 45. Minutt stoung et 31:35. Ab der 55. Minutt konnt den HBD de Sak zoumaachen a säi Virsprong op d’Endresultat vu 40:47 ausbauen. Eis Häre schléissen hir Saison domat op der staarker drëtter Plaz of a spillen d’nächst Joer also erëm europäesch!

Showdown zu Käerjeng
Et ass de Match, op deen déi ganz Saison iwwer higeschafft gouf. Haut den Owend um 18:00 Auer fënnt zu Käerjeng d’Finall ëm de Championstitel bei den Damme statt. D’Diddelengerinnen hu mat der Coupe schonn een Titel an der Täsch a wëllen no 2014 onbedéngt eng weider Kéier den Doublé. D’Käerjengerinne sinn déi lescht zwou Saisone Champion ginn a géifen do gär eng drëtt drunhänken. An der Tabell huet den HBD d’Nues vir, mee just ëm ee Punkt. Wien haut den Owend gewënnt ass Champion.
Et ass den Duell tëscht Éischtem an Zweetem, tëscht Coupegewënner a Champion, tëscht Fuuss a Léiw – an de verdéngte Showdown fir déi zwou stäerkst Ekippen am Land. Duerfir dot Iech den Owend blo un, kommt op Käerjeng a maacht kräfteg mat Stëmmung!

Mir gesinn eis an der Hal!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: