U17-Meedercher gewannen d’Coupe

17/05/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Leschten Donneschdeg hunn eis U17-Meedercher hir Coupefinall géint den Handball Käerjeng gespillt. D’Diddelengerinne si gutt an de Match gestart, no 15 Minutte stoung et 9:3. Bis zur Paus konnt dee Virsprong op 18:9 ausgebaut ginn. Déi zweet Hallschent war méi ausgeglach, mee eis Meedercher hunn näischt ubrenne gelooss a sech um Enn souverän mat 31:21 duerchgesat. Domat brénge si déi drëtt Coupe vun der Saison mat op Diddeleng!

Um Weekend hunn eis U13 géint de Standard gespillt an dee Match 23:35 gewonn. D’U15-Jongen hu sech mat 30:37 géint d’Entente Kordall duerchgesat. D’U17-Meedercher haten et am Championnat direkt erëm mat der Ekipp vum Handball Käerjeng ze dinn, an déi huet profitéiert, fir hir Revanche ze huelen: d’Partie goung 28:18 verluer. Och eis U17-Jongen hunn eng Néierlag missen astiechen. Hei war d’Resultat en 22:33 géint d’Entente Schëffleng/Esch. Eis zweet Dammen hu géint Bieles 24:40 gewonn, iwwerdeems d’zweet Häre géint Esch mat 22:26 dee Kierzere gezunn hunn.

Eis éischt Damme si weider an der Spuer fir um leschte Spilldag zu Käerjeng eng Finall ëm de Championstitel ze spillen. Auswäerts hate si géint den Handball Museldall keng Problemer an hu sech mat 15:34 duerchgesat. An der Paus stoung et scho 7:17.
Eis éischt Hären haten an hirem leschten Heemmatch den Handball Esch op Besuch. An dëser Partie ass et ëm déi drëtt Plaz an der Tabell gaang, an déi konnten eis Fiiss sech sécheren. De Match war gezeechent vun enger schwaacher Defense op béide Säiten, sou dass séier vill Goler gefall sinn. An der Paus stoung et schonn 22:19 fir den HBD, an der 46. Minutt waren d’Diddelenger 9 Goler vir. Um Enn stoung et 47:41.

Dës Woch um Programm
An der Woch hunn eis U15-Jonge schonn en Nodrosmatch gespillt. Hei hu si sech 44:15 géint den Handball Esch duerchgesat.

De Samschdeg um 11:00 Auer spillen eis U17-Jongen doheem géint den Handball Käerjeng. Um 14:00 Auer trieden eis U13 géint den Handball Bieles un, och dee Match gëtt am Hartmann gespillt. Eis zweet Damme spillen um 15:45 Auer doheem géint den Handball Käerjeng. Um 18:00 Auer hunn d’éischt Dammen den Handball Esch op Besuch. Wa si dëse Match gewannen, ass et d’nächst Woch zu Käerjeng d’Finall ëm de Champion – an domat den Doublé. Eis éischt Häre sinn iwwerdeems um 20:15 Auer zu Krautem géint de Champion HC Bierchem am Asaz. Fir si ass et de leschte Match vun der Saison.

Sonndes um 10:00 Auer fënnt zu Bouneweg en FLH-Turnéier fir d’U11 statt. Eis U15-Jongen hunn um 16:00 Auer zu Diddeleng Rendez-vous mam HBC Attert. An eis zweet Häre spillen um 20:30 Auer zu Nidderkuer géint d’Red Boys.

Mir gesinn eis an der Hal!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: