Éischt Ekippe gewannen héich

08/05/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

D’lescht Woch huet eis U13 géint d’Ekipp vun der Red Boys gespillt, an déi Partie 24:18 fir sech entscheet. D’U17-Meedercher ware bei den Handball Museldall gereest an hunn do 22:36 gewonn. D’U17-Jongen haten den HC Bierchem op Besuch an hu sech um Enn misse 24:40 geschloe ginn. Och eis zweet Hären hu géint d’Réiserbänner gespillt, an och si konnte sech net duerchsetzen. Um Enn stoung et 28:22 fir de Géigner. Eis zweet Damme waren zu Miersch am Asaz an hunn dee Match 23:39 gewonn.

Eis éischt Dammen haten et eng Woch no der Coupefinall direkt nach eng Kéier mat de Red Boys vun Déifferdeng ze dinn. Ee Krimi, wéi et en an der Coque gouf, krute mer awer am Hartmann net ze gesinn. No 10 Minutte stoung et wuel nach 5:5 gläich, mee an der 20. Minutt war doraus schonn en 12:6 ginn. Bis zur Hallschent war den Ecart op 20:10 ugewuess. An der zweeter Hallschent sinn eis Damme routinéiert a souverän opgetrueden, an um Enn stoung et 40:25. Et war eng Ekippeleeschtung: Vun 13 Feldspillerinnen hunn der 12 op d’mannst ee Gol geschoss.

D’Éischt Häre waren zu Dikrech beim Tabelleleschte CHEV op Besuch an hunn do souguer nach méi e kloert Resultat realiséiert wéi d’Dammen. No enger Véierelstonn stoung et scho 7:14, a fir d’Paus souguer 12:25. No 45 Minutte stoung et 18:35 an de Match ass 22:42 op en Enn gaang. Déi Escher hunn iwwerdeems hir Partie verluer, sou dass den HBD rëm mat engem Punkt Virsprong op déi drëtt Plaz an der Tabell no vir réckelt.

Dës Woch um Programm
Um duebele Feierdag, also donneschdes schonn, spillen eis U17-Meedercher hir Coupefinall géint den Handball Käerjeng. An hirem Championnat haten eis Meedercher bis elo géint Käerjeng ëmmer d’Nues vir, mee d’Coupe huet bekanntlech hir eege Reegelen an dofir kënne si all Ënnerstëtzung vun der Tribün aus gutt gebrauchen. Kommt si ufeieren! Opgepasst: De Match ass um 15:00 Auer der Hal zu Nidderkuer.

De Samschdeg um 14:00 Auer trëtt eis U13 auswäerts géint den HC Standard un. Um 16:00 Auer spillen eis U17-Jongen doheem géint d’Entente Schëffleng-Esch. Um 18:00 Auer ginn direkt dräi Partien ugepaff: D’Zweet Damme spillen auswäerts géint den Handball Bieles, doheem trieden eis zweet Häre géint d’Ekipp vum Handball Esch un an eis éischt Damme sinn zu Gréiwemaacher géint den Handball Museldall am Asaz. Um 20:15 Auer ass et am Hartmann d’Partie vun den éischten Häre géint den Handball Esch, wou et gëllt, d’drëtt Plaz an der Tabell ze verteidegen.

Sonndes um 14:00 Auer spillen eis U15-Jongen zu Nidderkuer géint d’Entente Kordall. An um 16:00 Auer hunn eis U17-Meedercher zu Käerjeng Rendez-vous.

Wine Tasting beim Rossi
De 16. Mee organiséiert den HBD zesumme mat sengem Sponsor Rossi e Wine Tasting. E Glas Wäin schmaachen, vläicht eng Këscht kafen an esou och nach de Veräin ënnerstëtzen – wann dir do derbäi wëllt sinn, kënnt der iech elo per SMS umellen: 661 160 771. Den Event fënnt beim Rossi statt.
Jiddereen ass wëllkomm!

HBD e Liewensgefill

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: