D’Coupe ass zu Diddeleng!

01/05/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum HBD,

D’Coupe ass zu Diddeleng!

Oder vill méi: d’Coupen! Well um leschte Sonndeg hunn eis U15-Jongen an der Finall géint den Handball Käerjeng gespillt. D’Diddelenger Bouwe sinn exzellent an de Match gestart an hunn direkt emol mat engem 5:0-Laf virgeluecht. D’Käerjenger kruten deem näischt entgéint gesat, a sou stoung et an der Paus schonn 10:20 vir den HBD. Déi zweet Hallschent huet sech änlech gestalt wéi déi éischt, sou dass et um Enn e Resultat vu 17:37 war – an domat déi éischt Coupe vum Dag.

Eis éischt Dammen haten et duerno mat méi Géigewier ze dinn. D’Red Boys haten d’Käerjengerinnen an der Halleffinall e bëssen iwwerraschend geklappt a wollten elo och den Diddelengerinnen e Stréch duerch d’Rechnung maachen. D’Damme vun Déifferdeng sinn dann och liicht besser an de Match komm, et huet bis d’eeleft Minutt gedauert, bis d’Diddelengerinnen erëm ausgläiche konnten. An der 25. Minutt huet ee gemengt, et wier eng éischt kleng Virentscheedung, wéi den HBD 7:12 a Féierung louch, mee bis zur Paus hunn d’Red Boys sech op 11:12 erugekämpft. Nom Upëff vun der zweeter Hallschent stoung et séier 12:12 an de Match war erëm op. Am weidere Verlaf vun der Partie sinn op deenen zwou Säiten ëmmer erëm technesch Feeler geschitt, wärend d’Golkipperinne vu béiden Ekippe staark Leeschtungen ofgeruff hunn. Eis Damme waren an der 55. Minutt nach zwee Goler hannen, haten dann awer dee méi laangen Otem a konnte sech no enger spannender Partie um Enn 22:24 duerchsetzen. Et ass fir si de 16. Coupegewënn, an de sechsten an de leschten 10 Joer.

Dës Woch um Programm
Um 2. Mee, also donneschdes, geet et direkt weider mam Championnat. Eis éischt Hären trieden um 20:30 Auer auswäerts géint de CHEV Dikrech un.
De Samschdeg um 14:00 Auer trieden eis U17-Jongen doheem géint den HC Bierchem un. D’U13 huet am Uschloss um 16:00 Auer d’Red Boys op Besuch. Um 18:00 Auer trieden dann eis éischt Dammen am Hartmann un – an dat direkt erëm géint d’Red Boys Déifferdeng. Nom knappe Resultat an der Coupefinall geet et drëms, sech elo och am Championnat net kal erwëschen ze loossen. Am Titelkampf géint d’Käerjengerinnen ass et weiderhi just e Virsprong vun engem Punkt.

Sonndes um 10:00 Auer gëtt zu Nidderkuer en FLH-Turnéier fir d’U11 organiséiert. A wie sonndes mëttes well Handball kucke goen, dee muss sech fir eng Partie decidéieren, well um 15:45 Auer trieden zu Miersch eis zweet Dammen un, an direkt dräi weider Partië ginn um 16:00 Auer ugepaff: D’U15-Jonge spillen doheem géint den Handball Esch, d’U17-Meedercher hu Rendez-vous mam Handball Museldall an eis zweet Häre si beim HC Bierchem op Besuch.

Mir gesinn eis an der Hal!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: