Coupefinall um Sonndeg

27/04/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

An der Woch waren d’Halleffinalle vun den éischten Ekippen. Eis Häre si géint den Handball Esch ugetrueden an hunn hei eng Dräivéierelsstonn laang den Toun uginn. An der Endphas hunn d’Diddelenger sech allerdéngs einfach ze vill Feeler erlaabt. Déi Escher konnten de Score dréien a sech mat 33:30 fir d’Finall qualifizéieren.

Eis Dammen haten et an der Halleffinall mam HC Standard ze dinn. Et war déi eesäiteg Partie, déi sech erwaart gi war: No 15 Minutte stoung et 13:3, an der Hallschent 27:4. An der 45. Minutt stoung et 41:9 an um Enn war et mat 52:10 eng kloer Diddelenger Victoire. An der zweeter Halleffinall gouf duerno eng Iwwerraschung, well hei hunn d’Red Boys d’Ekipp vu Käerjeng 24:26 geklappt. Et ass déi éischte Kéier an hirer Veräinsgeschicht, dass d’Déifferdenger Dammen an der Coupefinall stinn, an deementspriechend motivéiert dierfte se de Sonndeg optrieden. Et ass e Géigner, deen een absolutt net ënnerschätzen dierf, an esou steet eis eng spannend Coupefinall bevir!

Am Ganzen trieden de Sonndeg also zwou Diddelenger Ekippen an enger Finall un:

  • um 14:00 Auer spillen d’U15-Jonge géint den Handball Käerjeng
  • um 18:00 Auer spillen d’éischt Damme géint d’Red Boys Déifferdeng

 

Wann Dir dat live materliewe wëllt, da kënnt Dir Iech Är Plazen am Diddelenger Fanblock reservéieren! Den Ticket kascht 20 Euro a gëllt fir de ganze Sonndeg. Mannerjäreger komme gratis eran a fir Studenten a Stéiplaze gëtt e reduzéierten Tarif, déi Tickete kritt Dir awer just an der Oweskeess. D’Reservatioun leeft iwwert eist Sekretariat: (SMS op de 621 221 140 oder Mail op de contact@hbd.lu). Bezuele kënnt Dir per Virement op de BGLLLULL LU63 0030 0853 0172 0000.

De Sonndeg brauchen eis Ekippen an der Coque all méiglech Ënnerstëtzung, duerfir kommt a feiert si kräfteg un! An, egal wéi d’Matcher ausginn: No der Finall vun den Dammen invitéiert den Handball Diddeleng Iech op e Fräibéier an der Buvette vum Centre Sportif René Hartmann!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: