Dës Woch ass Coupe

23/04/2024 Handball Diddeleng Blog Home

De leschte Weekend hunn eis U13 doheem 21:13 géint den Handball Museldall gewonn. Zu Käerjeng waren eis U17-Jongen am Asaz, si hunn hire Match mat 38:30 verluer. D’U17-Meedercher hu sech 34:10 géint de CHEV Dikrech duerchgesat. D’Zweet Damme si géint den HC Standard ugetrueden a konnten déi Partie mat 22:29 fir sech entscheeden. D’Zweet Hären haten d’Red Boys op Besuch, dee Match ass mat 27:36 verluer gaang.

Eis éischt Dammen dierfe sech an der Course ëm de Championstitel keen Ausrutscher méi erlaben. Géint de CHEV Dikrech hu si gewisen, dass se sech dees bewosst sinn. Mat engem 6:0-Laf sinn d’Diddelengerinnen an de Match gestart, no 20 Minutte stoung et 11:5. Bis d’Paus konnt deen Ecart op zéng Goler ausgebaut ginn. D’Dammen hunn et awer duerfir an der zweeter Paus net méi lues ugoe gelooss, no 45 Minutte stoung et 26:11, an um Enn hat eis Ekipp e klore Statement gesat: 34:14 ass d’Endresultat, an et bleift beim Virsprong vun engem Punkt op Käerjeng.

Fir d’éischt Häre war et en Owend fir ze vergiessen. Si haten d’Käerjenger op Besuch, déi am Playoff nach kee Match gewonn haten. An eigentlech huet de Match aus Diddelenger Siicht gutt ugefaang: No 10 Minutte stoung et 8:5. D’Käerjenger hunn dee Score allerdéngs duerno net nëmmen ausgeglach, mee bis d’Paus souguer op 15:20 gedréit. Bei de Fiiss wollt näischt klappen, een Ofschloss nom aneren ass an den Hänn vum Käerjenger Golkipp gelant, an och wa se ufanks der zweeter Hallschent kuerz op dräi Goler verkierze konnten, waren eis Hären an der 44. Minutt souguer 22:29 am Réckstand. D’Partie ass 32:36 op en Enn gaang.

Dës Woch um Programm
Et ass d’Woch vum Final 4 an der Coque, den Halleffinalle vun der Coupe also. Den Donneschdeg ass et un den Hären, hei spillen um 18:30 Auer de CHEV Dikrech géint d’Red Boys Déifferdeng, an am Uschloss um 20:45 Auer den Handball Esch géint den Handball Diddeleng. Fir dës Matcher gëtt et nëmmen nach ganz wéineg Plazen am Diddelenger Block – wann Dir nach keng hutt, reservéiert se elo bei eisem Sekretariat (SMS op de 621 221 140 oder Mail op de contact@hbd.lu).
De Freideg ass et un den Dammen. Um 18:30 Auer spillt den HC Standard géint den Handball Diddeleng, um 20:45 Auer trieden d’Käerjengerinne géint d’Red Boys un. Och fir dës Matcher kënnt Dir nach ëmmer Är Plaz am Diddelenger Block reservéieren.

De Samschdeg um 20:15 Auer ass dann d’Coupefinall vun den Hären. Sonndes um 10:00 Auer gëtt zu Bieles en FLH-Plateau fir d’U8 organiséiert, ier et dann an der Coque mat der Coupe weidergeet. Um 14:00 Auer trieden do nämlech an hirer Finall eis U15-Jonge géint den Handball Käerjeng un. An owes um 18:00 Auer steet d’Coupefinall vun den Dammen um Programm.

Mir freeën eis drop, Iech am Diddelenger Block ze gesinn!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: