Dammen zeréck un der Spëtzt

18/04/2024 Handball Diddeleng Blog Home

De leschte Weekend stoung fir eis éischt Dammen den absolutte Spëtzematch um Programm: den Tabellenéischte vum Handball Käerjeng war op Besuch. Ee klenge Punkt nëmmen huet déi zwou Ekippen am Klassement vunenee getrennt, a géint d’Käerjengerinnen ze verléiere wier enger Virentscheedung am Titelkampf gläichkomm. Aus eegener Kraaft hätten eis Dammen dann nämlech net méi Champion kënne ginn, si hätten op en Ausrutscher vun de Käerjengerinnen hoffe mussen. Mee sou wäit wollte se et natierlech guer net komme loossen.
An der éischter Hallschent huet ee béiden Ekippen d’Nervositéit ugemierkt, wann och den HBD liicht besser an de Match starte konnt. No enger Véierelstonn stoung et 7:4 fir Diddeleng. Bis déi 20. Minutt huet Käerjeng sech erugekämpft a war ee Moment souguer 7:8 vir. Dat sollt awer déi leschte Kéier sinn: trotz Zäitstrofen huet Diddeleng flott zesummegespillt a gutt verteidegt. An der Paus stoung et 12:10. Déi zweet Hallschent huet ausgeglach ugefaang, an der 40. Minutt war et e Score vu 17:14. An du war d’Loft bei de Käerjengerinnen op eemol eraus. Tëscht der 42. an der 52. Minutt hu si just zwee Goler geschoss, wärend den Ecart ëmmer weider gewuess ass. Esou hunn eis Diddelengerinnen d’Partie 25:19 fir sech konnten entscheeden a stinn domat an der Tabell erëm un der Spëtzt. Mee et ass ebe just ee Punkt, dee se méi hunn – an dat heescht, dass kee Raum méi fir Ausrutscher ass. A wa weder den HBD nach Käerjeng sech um Wee dohin esou een erlaben, da gëtt et um leschte Spilldag zu Käerjeng eng Finall ëm de Champion.

Och eis zweet Damme waren de Weekend am Asaz. Si hunn zu Réiden ouni Problemer 19:45 gewonn. An den Dënschdeg haten eis U17-Meedercher en Nodrosmatch géint de CHEV Dikrech, dee si mat engem Resultat vun 30:12 fir sech entscheet hunn.

Dëse Weekend um Programm
De Samschdeg spillen eis U17-Jongen um 14:00 Auer auswäerts géint Käerjeng. D’U13 trëtt um 16:00 Auer doheem géint d’Ekipp vum Handball Museldall un. Eis zweet Damme spillen um 18:00 Auer auswäerts géint den HC Standard. Zäitgläich gëtt zu Diddeleng d’Partie tëscht eisen éischten Dammen an dem CHEV Dikrech ugepaff. Eis éischt Häre spillen am Uschloss op der selwechter Plaz géint Käerjeng.

De Sonndeg ass zu Bierchem ab 10:00 Auer en FLH-Turnéier fir d’U11. Um 16:00 Auer trieden d’U17-Meedercher doheem géint de CHEV Dikrech un. An den Ofschloss maachen eis zweet Hären, déi um 18:00 Auer zu Diddeleng géint d’Ekipp vun der Red Boys spillen.

Mir freeën eis, fir mat Iech e flotte Weekend an der Hal ze verbréngen an eis Ekippe kräfteg unzefeieren!

Virverkaf vun Tickete fir de Final 4
Dir kënnt weiderhin Är Sëtzplazen am Diddelenger Block fir de Final 4 reservéieren! Mellt Iech dofir einfach bei eisem Sekretariat (SMS op de 621 221 140 oder Mail op de contact@hbd.lu).

Zur Erënnerung:
Nächsten Donneschdeg, de 25. Abrëll sinn an der Coque d’Halleffinalle vun den Hären. Et spillen

  • um 18:30 Auer de CHEV Dikrech géint d’Red Boys Déifferdeng
  • um 20:45 Auer den Handball Esch géint den Handball Diddeleng

Den Dag duerno, also freides, de 26. Abrëll sinn d’Halleffinalle vun den Dammen. Hei spillen

  • um 18:30 Auer den Handball Diddeleng géint den HC Standard
  • um 20:45 Auer den Handball Käerjeng géint d’Red Boys Déifferdeng

Een Ticket fir eng Sëtzplaz am Block kascht 20€ a gëllt fir déi zwou Partië vun deem Dag. Stéiplazen (15€), Studententicketen (10€, Stéiplaz) a gratis Tickete fir Mannerjäreger (Stéiplaz) kritt Der just an der Oweskeess.

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: