Dat war de Youth Cup 2024…

10/04/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Et war Ouschterweekend, an traditionell heescht dat zu Diddeleng: Youth Cup! Direkt zwee Turnéiere si parallel gelaf: dat vun den U17-Meedercher an dat vun den U16-Jongen. Bei de Meedercher waren néng Ekippen aus aacht verschiddene Länner ugereest, fir géint eis Meedercher unzetrieden. No der Gruppephas hu sech véier Ekippen als Favoritten erauskristalliséiert: Alpendorada aus Portugal, Atzgersdorf aus Éisterräich, den HBD a ROS IL aus Norwegen. D’Norwegerinnen an d’Diddelengerinne konnte sech fir d’Finall qualifizéieren. Virun enger struppevoller Salle Grimler hunn d’Norwegerinnen de liicht bessere Start erwëscht a waren an der éischter Hallschent ëmmer erëm zwee Punkte vir. No 20 Minutte war Paus, do stoung et 8:8. D’Diddelengerinnen, déi sech op eng staark Leeschtung am Gol verloosse konnten, hu sech no vir gekämpft, a waren een, dann zwee a souguer dräi Goler a Féierung. D’Meedercher hunn Nerve bewisen a si bis zum Schluss als Ekipp opgetrueden. Um Enn stoung et 21:17. Et ass an der 36-järeger Geschicht vum Turnéier eréischt déi véierte Kéier, dass eng Diddelenger Ekipp de Youth Cup gewënnt. Am Spill ëm déi drëtt Plaz krut sech iwwerdeems Alpendorada duerchgesat.

Bei den U16-Jonge si véier Ekippe géinteneen ugetrueden: Thionville a Cernay aus Frankräich, Northeim aus Däitschland an den HBD. D’Gruppephas konnt Diddeleng op éischter Plaz ofschléissen, ënnert anerem wéinst enger knapper 12:11-Victoire géint déi Tabellenzweet vun Thionville. An der uschléissender Finall géint déi selwecht Ekipp konnten eis Jongen awer net méi mathalen an hu sech no engem 18:27 misse mat der zweeter Plaz zefridde ginn. Op déi drëtt Plaz koum d’Ekipp vu Cernay.

Och nieft den Turnéiere war de ganze Weekend fir exzellent Stëmmung gesuergt, mat ënnert anerem engem Gala-Match vun eiser éischter Ekipp géint d’Diddelenger All Stars an enger grousser Party sonndes owes. Wien net do war, huet eppes verpasst. Mee keng Suerg, well ofschléissend bleift just eppes ze soen: Dat war de Youth Cup 2024, vive de Youth Cup 2025!

Dëse Weekend um Programm
De Samschdeg fält potenziell eng Virentscheedung am Dammechampionnat. Um 18:00 Auer gëtt zu Diddeleng d’Partie tëscht dem HBD an dem Handball Käerjeng ugepaff. Wann eis Damme gewannen, réckele se mat engem Punkt Virsprong laanscht Käerjeng op déi éischt Plaz vum Championnat. Da géif et eng Entscheedung an der leschter Partie Enn Mee zu Käerjeng. Bei enger Néierlag misst een op en Ausrutscher vun de Käerjengerinnen am weidere Championnat hoffen. Vill méi wichteg geet et also net, duerfir ditt de Samschdeg eppes Bloes un a kommt Är Diddelengerinnen an d’Hal ënnerstëtzen!

Zäitgläich mat den éischten Damme spillen d’zweet Dammen auswäerts géint den HC Atert Réiden. Sonndes um 16:00 Auer spillen eis U17-Meedercher doheem en Nodrosmatch géint de CHEV Dikrech, an den nächsten Dënschdeg um 18:00 Auer spillen eis U15-Jongen zu Käerjeng – och dat ass en Nodrosmatch.

Final Four – Halleffinalle vun der Coupe an der Coque
An der Coupe spillen eis Hären an der Halleffinall géint den Handball Esch. Eis éischt Damme goufen iwwerdeems géint d’Ekipp vum HC Standard gezunn. Dass de Final Four e Rendez-vous ass, deen ee sech als Spectateur net dierf entgoe loossen, ass gewosst – well d’Coupe huet hir eege Reegelen, an an der Coque ass ëmmer alles méiglech.
Fir Iech optimal op de Final Four virzebereeden, bidde mer Iech dëst Joer am Virverkaf vun den Entréesbilljeeën e Fanpackage un. Do dran enthale sinn en exklusiven T-Shirt, e klenge Fändel an e Waassertattoo fir d’Kanner.

Et gëtt zwou Formulen:

Golden Fox (40€)
– Entréesbilljeeë fir d’Halleffinalle vun den Dammen
– Entréesbilljeeë fir d’Halleffinalle vun den Hären
– Fanpackage
Silver Fox (30€)
– Entréesbilljee fir eng vun den Halleffinallen (Dammen oder Hären)
– Fanpackage
Alternativ kënnt Dir awer och wéi gewinnt iwwert eis den einfachen Ticket am Virverkaf huelen. Och de Fanpackage gëtt et eenzel, fir de Präis vu 15€.

Bestellt ab elo iwwert dëse Link Är Tickete fir de Final Four!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: