Léif Frënn vum Handball Diddeleng,
De leschte Weekend hunn eis U13 zu Miersch mat 22:19 verluer. De Match vun den U15-Jonge géint Käerjeng ass an den Abrëll geréckelt ginn. D’U17-Meedercher hu sech zu Käerjeng 19:27 duerchgesat. Bei den zweeten Dammen hat Käerjeng Forfait erkläert, hei gëtt also eng Victoire vun 0:20 zeréckbehalen. D’Zweet Hären hunn Esch 31:36 geklappt.
Eis éischt Damme waren auswäerts géint den Handball Esch am Asaz. D’Escherinnen haten de Weekend virdrun de CHEV Dikrech geklappt an domat nach eng Kéier bewisen, dass am Dammechampionnat dës Saison jidderee géint jidderee gewanne kann. Et huet also geheescht, sech net kal erwëschen ze loossen – an dat ass eisen Damme vun Ufank u gelongen. No 15 Minutte stoung et scho 6:10 fir den HBD. Bis zur Paus konnt deen Ecart op siwe Goler ausgebaut ginn, do stoung et 11:18. An der zweeter Hallschent konnten eis Damme sech ab der 35. Minutt mat engem 5:0-Laf weider ofsetzen, de Score war do 14:26. An der Schlussphas huet den HBD vum erausgespillten Ecart profitéiert, fir quasi ausschliisslech jonk Spillerinnen anzewiesselen. D’Escherinne koumen dee Moment am Score zwar erëm e bësse méi no, mee um Enn stoung et 25:33 an déi zwee Punkte si mat op Diddeleng komm.
E groussen Opreeger gouf et am Heemmatch vun eisen éischten Häre géint d’Red Boys Déifferdeng. An dobäi huet d’Partie laang gehal, wat se versprach hat. Et war eng ganz enk éischt Hallschent, an där ee gemengt huet, d’Red Boys hätten d’Nues liicht vir. Ëmmer erëm krute si sech e Virsprong vu maximal dräi Goler erausgespillt, mee ëmmer erëm hunn och d’Diddelenger sech zeréckgekämpft. Fir d’Paus stoung et 14:15. Déi zweet Hallschent war nach méi enk, d’Red Boys waren een, zwee Goler vir, da stoung et erëm gläich, an esou ass dat hin- an hiergaang, bis et an der 60. Minutt 31:32 fir d’Red Boys stoung. Well déi de Ball nach ewechgeheit hunn, obwuel den Arbitter hiren Ugrëff ofgepaff hat, an dat an der leschter Minutt, gouf op rout Kaart an direkte 7-Meter fir Diddeleng decidéiert. Den Delegéierte vun der Federatioun huet sech ageschalt, an no minuttelaangen Diskussioune goufen net nëmmen de 7-Meter an d’rout Kaart annuléiert, mee d’Red Boys kruten och nach de Ball zeréck. Déi konnten awer net verwandelen a ganz am Géigendeel hunn d’Diddelenger a leschter Sekonn souguer nach ausgeglach. Mee och dee Gol wollten d’Arbitteren net gëlle loossen. De Match ass also 31:32 verluer gaang, an an der Hal ass duerno nach laang iwwert den Arbitrage an d’Agräife vum FLH-Delegéierten diskutéiert ginn. Um Enn bleift eis just, eisen Häre vir hir Disziplin an hire Kampfgeescht ze gratuléieren.
Et ass Ouschterweekend, an dat heescht: Youth Cup!
De Youth Cup steet virun der Dier, an och dëst Joer wäert et erëm en Turnéier vir d’Jongen an eent fir d’Meedercher ginn. Eis U17-Meedercher triede géint Ekippen aus Portugal, Finnland, Frankräich, Italien, Éisträich, Norwegen, Däitschland an aus der Slowakei un. D’U16-Jongen hunn Ekippen aus Däitschland a Frankräich op Besuch. De ganze Weekend iwwer sinn interessant Matcher an eng gutt Stëmmung garantéiert, fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt. De Youth-Cup ass en Event, dat et op kee Fall ze verpasse gëllt! All Detailer fannt Dir um Site: youth-cup.lu
Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: | ||
---|---|---|