D’Red Boys kommen op Besuch

23/03/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Et war e Weekend mat duerchwuessene Resultater
Eis U13 huet mat 22:23 op ee Gol géint Péiteng de Kierzere gezunn. D’U17-Meedercher konnte sech mat 31:23 géint den Handball Museldall duerchsetzen. Eis U17-Jongen hate géint den HC Standard keng Problemer an hu sech 49:37 behaapt. D’Zweet Dammen hu mat 46:23 den Handball Bieles iwwerrannt an d’zweet Häre si mat 19:34 géint den HC Bierchem ënnert d’Rieder komm.

Eis éischt Dammen haten den Handball Museldall op Besuch. Déi éischt Hallschent war méi ausgeglach, wéi engem dat op Diddelenger Säit gefale konnt. An der 23. Minutt war d’Ekipp vu Maacher dräi Goler vir, mee d’Diddelengerinne konnten dee Score bis d’Paus erëm dréien. Et stoung 19:15. An der zweeter Hallschent sinn eis Damme méi konzentréiert opgetrueden. No 40 Minutte stoung et 25:18, an der 50. Minutt 31:20 an den Endstand war 36:21. Och d’Käerjengerinnen hunn hir Partie géint d’Red Boys souverän gewonn, sou dass et weider eng enk Course un der Spëtzt vun der Tabell ass, wou den Handball Käerjeng jo am Moment mat engem Punkt Virsprong d’Nues ganz liicht vir huet.

Eis éischt Hären haten am Spëtzematch den HC Bierchem op Besuch. D’Réiserbänner spillen eng ganz staark Saison a leie mat sechs Punkten Ofstand op der éischter Plaz an der Tabell. Déi éischt Véierelstonn war eng ausgeglachen. No 15 Minutte stoung et 10:11. D’Bierchemer konnte sech am weidere Verlaf vun der éischter Hallschent allerdéngs e Virsprong vu véier Goler erausspillen. An der Paus stoung et also 17:21. Bei deem Ofstand ass et och an der zweeter Hallschent laang bliwwen, bis d’Bierchemer sech ab der 43. Minutt weider ofsetze konnten. An der 46. Minutt stoung et 24:31. D’Bierchemer hunn et dunn ee Moment méi lues ugoe gelooss, wärend d’Diddelenger de Kapp net hänke gelooss a sech Gol fir Gol zeréckgekämpft hunn. An der 54. Minutt stoung et 31:33 an et war erëm alles méiglech. D’Bierchemer wollten dovun allerdéngs näischt wëssen an de Match ass schlussendlech mat engem Score vu 35:39 op en Enn gaang.

Dëse Weekend um Programm
Haut um Samschdeg spillen eis U13 um 14:15 Auer zu Miersch. Um 16:00 Auer hunn eis zweet Hären zu Esch Rendez-vous. D’Éischt Damme spillen um 18:00 Auer auswäerts géint Esch, déi sech leschte Weekend géint de CHEV Dikrech duerchgesat kruten. De Match vun den zweeten Damme gëtt net gespillt, well Käerjeng Forfait erkläert huet. Eis éischt Hären trieden haut den Owend um 20:15 Auer doheem géint d’Red Boys un. Den HBD an d’Red Boys hu sech dës Saison bis ewell dräi mol begéint, dovun hunn eis Hären zwee Matcher gewonn an ee verluer. D’Déifferdenger leien awer mat zwee Punkten Ofstand virun hinnen op der zweeter Plaz vun der Tabell. Et gëllt den Owend da virun allem och, déi Escher op der véierter Plaz vun der Tabell op Distanz ze halen.

De Sonndeg ass zu Nidderkuer ab 10:00 Auer en FLH-Turnéier fir d’U11. D’U15-Jongen trieden um 14:00 Auer zu Käerjeng un. An um 16:00 Auer geet et op der selwechter Plaz weider mat eisen U17-Meedercher.

Mir freeën eis drop, zesumme mat Iech an der Hal eis Ekippen unzefeieren!

Final Four – Halleffinalle vun der Coupe an der Coque
An der Coupe spillen eis Hären an der Halleffinall géint den Handball Esch. Eis éischt Damme goufen iwwerdeems géint d’Ekipp vum HC Standard gezunn. Dass de Final Four e Rendez-vous ass, deen ee sech als Spectateur net dierf entgoe loossen, ass gewosst – well d’Coupe huet hir eege Reegelen, an an der Coque ass ëmmer alles méiglech.
Fir Iech optimal op de Final Four virzebereeden, bidde mer Iech dëst Joer am Virverkaf vun den Entréesbilljeeën e Fanpackage un. Do dran enthale sinn en exklusiven T-Shirt, e klenge Fändel an e Waassertattoo fir d’Kanner.

Et gëtt zwou Formulen:

  • Golden Fox (40€)
    – Entréesbilljeeë fir d’Halleffinalle vun den Dammen
    – Entréesbilljeeë fir d’Halleffinalle vun den Hären
    – Fanpackage
  • Silver Fox (30€)
    – Entréesbilljee fir eng vun den Halleffinallen (Dammen oder Hären)
    – Fanpackage

Alternativ kënnt Dir awer och wéi gewinnt iwwert eis den einfachen Ticket am Virverkaf huelen. Och de Fanpackage gëtt et eenzel, fir de Präis vu 15€.

Bestellt ab elo iwwert dëse Link Är Tickete fir de Final Four!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun:












0
    0
    Your Cart
    Your cart is emptyReturn to Shop