Éischt Damme weider an Erfollegsspuer

16/03/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Éischt Damme weider an Erfollegsspuer
Leschte Weekend hunn eis U13 26:30 géint d’Red Boys verluer. D’U15-Jonge konnten den HBC Schëffleng 23:31 klappen. D’U17-Jonge si mat 23:42 géint Bierchem ënnert d’Rieder komm. D’Zweet Hären hu sech mat 22:23 géint d’Red Boys duerchgesat. Bei den zweeten Dammen hat Miersch Forfait erkläert.

Eis éischt Damme waren zu Nidderkuer géint d’Red Boys am Asaz. Et war eng ausgeglachen éischt Hallschent, an der Paus stoung et 10:9 fir d’Lokalekipp. D’Diddelengerinne koumen awer vill besser aus de Kabinnen, sou dass et an der 40. Minutt schonn 11:17 stoung. Dee Score konnt bis Enn der Partie op 16:27 ausgebaut ginn.

Eis éischt Häre waren zu Esch am Asaz. Och hei konnt sech ufanks keng Ekipp ofsetzen. Eréischt an der 25. Minutt haten déi Escher eng éischte Kéier e Virsprong vun 3 Goler, do stoung et 13:10. Beim Stand vu 14:11 goufen d’Säite gewiesselt. Déi zweet Hallschent huet ugefaang, wéi déi éischt opgehal hat. An der 40. Minutt konnt een da mengen, et wier eng Virentscheedung gefall, wéi beim Stand vun 19:16 déi zwee Etute-Bridder am Ofstand vu 15 Sekonnen 2-Minutte-Strofe kruten. D’Diddelenger konnten an Ënnerzuel zwar souguer op 20:18 verkierzen, mee am Uschloss haten déi Escher e Laf, no deem et 25:19 stoung. Eis Häre konnte sech nach eng Kéier op e Gol erukämpfen, ma schlussendlech sollt et net duergoen. Et war eng Partie mat ganz villen technesche Feeler, déi deementspriechend 30:28 op en Enn goung.

Final Four – Halleffinalle vun der Coupe an der Coque
Diddeleng géint Esch, esou heescht och d’Halleffinall vun eisen Hären an der Coupe. Eis éischt Damme goufen iwwerdeems géint d’Ekipp vum HC Standard gezunn. Dass de Final Four e Rendez-vous ass, deen ee sech als Spectateur net dierf entgoe loossen, ass gewosst – well d’Coupe huet hir eege Reegelen, an an der Coque ass ëmmer alles méiglech.
Fir Iech optimal op de Final Four virzebereeden, bidde mer Iech dëst Joer am Virverkaf vun den Entréesbilljeeën e Fanpackage un. Do dran enthale sinn en exklusiven T-Shirt, e klenge Fändel an e Waassertattoo fir d’Kanner.

Et gëtt zwou Formulen:

  • Golden Fox (40€)
    – Entréesbilljeeë fir d’Halleffinalle vun den Dammen
    – Entréesbilljeeë fir d’Halleffinalle vun den Hären
    – Fanpackage
  • Silver Fox (30€)
    – Entréesbilljee fir eng vun den Halleffinallen (Dammen oder Hären)
    – Fanpackage

Alternativ kënnt Dir awer och wéi gewinnt iwwert eis den einfachen Ticket am Virverkaf huelen. Och de Fanpackage gëtt et eenzel, fir de Präis vu 15€.

Bestellt ab elo iwwert dëse Link Är Tickete fir de Final Four!

Dëse Weekend um Programm
De Samschdeg um 14:15 Auer spillen eis U13 zu Diddeleng géint d’Ekipp vum Handball Péiteng. Um 15:45 Auer trieden op der selwechter Plaz eis zweet Damme géint den Handball Bieles un.

Eis éischt Dammen empfänken um 18:00 Auer d’Ekipp vum Handball Museldall. Am Uschloss ass et um 20:15 Auer am Hartmann de Spëtzematch vun eisen éischten Häre géint den Tabellenéischten Bierchem.

Sonndes moies um 10:00 Auer fënnt zu Bierchem e Plateau vun der FLH fir d’U8 mixte statt. Um 13:30 Auer hunn eis U17-Jongen doheem Rendez-vous mam HC Standard. D’U17-Meedercher empfänken um 15:30 Auer den Handball Museldall. An den Ofschloss maachen eis zweet Hären, déi um 17:30 Auer d’Ekipp vum HC Bierchem op Besuch hunn.

Mir freeën eis op e flotten Handballweekend!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: