Eis Häre verteidegen hir drëtt Plaz

01/03/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Eis Häre verteidegen hir drëtt Plaz
Leschte Samschdeg hunn eis Hären no hirer Néierlag géint d’Red Boys missen eng Reaktioun weisen. Zu Käerjeng ass hinnen dat gelongen. D’Fiiss si mat engem 3:0-Laf gutt an de Match gestart, duerno war et en hin an hier mat ville Konteren op béide Säiten. Käerjeng koum op zwee Goler erun, war der dann erëm véier hannen. Zwou Sekonne virun der Paus konnt de Franky Hippert vun der Mëttellinn aus laanscht d’Käerjenger Verteidegung an de Golkipp zum 18:22 markéieren. Dee Virsprong konnt ufanks der zweeter Hallschent eng éischte Kéier méi wäit ausgebaut ginn, an der 40. Minutt stoung et 23:32. D’Käerjenger hunn tëschenzäitlech op sechs Goler verkierzt, mee um Enn stoung et 35:45 fir d’Diddelenger, déi domat hir drëtt Plaz an der Tabell verteidegen.

D’Zweet Dammen hunn doheem mat 45:15 géint den HC Atert Réiden gewonn.

Zwou vun eise Jugendekippen hu sech an hiren Halleffinallen an der Coupe duerchgesat kritt a stinn also an der Coupefinall: d’U17-Meedercher, déi sech 27:34 géint d’Entente Kordall behaapt hunn, an d’U15-Jongen, d’Ekipp vum HC Bierchem 30:24 geklappt hunn.

Dëse Weekend um Programm
De Samschdeg spillen eis zweet Hären um 16:00 Auer doheem géint den Handball Esch. Gläichzäiteg trieden um Belval eis U13-mixte géint den Handball Bieles un. D’U17-Jonge spillen um 17:00 Auer auswäerts géint Schëffleng. D’Partie vun den zweeten Damme géint den HC Standard gouf op e spéideren Datum geréckelt. Eis éischt Hären hunn um 20:15 Auer d’Ekipp vum CHEV Dikrech op Besuch.

De Sonndeg ass zu Maacher e Plateau vun der FLH fir d’U8 mixte. Um 16:00 Auer spillen d’U15-Jongen doheem géint den HC Atert Réiden.

Mir freeën eis drop, zesumme mat Iech an der Hal eis Ekippen unzefeieren!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: