Éischt Ekippe starten an de Playoff

23/02/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Éischt Ekippe starten an de Playoff
Eis éischt Dammen haten de leschte Weekend Rendez-vous zu Dikrech. D’Spillerinne vum CHEV haten dës Saison souwuel Diddeleng wéi och Käerjeng scho geklappt, an deementspriechend huet et fir den HBD gegollt, sech keng weider Kéier kal erwëschen ze loossen. Ab der éischter Minutt hunn d’Diddelengerinnen da kloer gewisen, wat se wëlles hätten: vir souz quasi all Ball, an hannen huet d’Defense näischt zougelooss. Och e fréien Dikrecher Timeout konnt dee RHythmus net briechen, an esou stoung et no 15 Minutten 3:11. Duerno si manner Goler gefall, zur Paus war et e Score vu 6:14. Ufanks der zweeter Hallschent hunn eis Dammen hire Virsprong weider ausgebaut, sou dass et an der 45. Minutt 9:22 stoung. De Match ass 12:28 op en Enn gaang – e gutt éischt Resultat och fir den neien Trainerduo.

Eis éischt Hären hu sech zu Nidderkuer en Ausrutscher erlaabt. Hinne wollt einfach näischt geléngen, weder am Ofschloss nach an der Ofwier, an do derbäi koum och nach eng Red Boys, déi e gudden Dag erwëscht hat. Schonn an der zwielefter Minutt huet den HBD beim Stand vu 6:3 eng Auszäit missen huelen, mee den Déifferdenger Virsprong sollt bis zur Paus op 17:11 weiderwuessen. Eréischt an der 37. Minutt hunn eis Hären hiren éischte Gol vun der zweeter Hallschent geschoss, do stoung et schonn 22:12. De Match ass 39:25 verluer gaang.

Den Dënschden hunn eis zweet Hären auswäerts géint den HC Bierchem gespillt an déi Partie 23:24 gewonnen.

Dëse Weekend um Programm
De Samschdeg um 18:00 Auer empfänken eis zweet Dammen d’Ekipp vum HC Atert Réiden. Um 20:15 Auer hunn eis éischt Häre um Käerjenger Dribbel d’Geleeënheet, eng Reaktioun ze weisen an hir drëtt Plaz an der Tabell ze verteidegen. D’éischt Damme si spillfräi.
Sonndes ass am Hartmann en FLH-Turnéier fir d’U11. Um 15:00 Auer spillen d’U17-Meedercher zu Nidderkuer hir Halleffinall an der Coupe géint d’Entente Kordall. An och fir d’U15-Jongen ass et d’Halleffinall an der Coupe, an dat um 16:00 Auer zu Diddeleng géint den HC Bierchem.

Mir freeën eis drop, zesumme mat Iech an der Hal eis Ekippen unzefeieren!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: