Éischt Ekippen ouni Problemer

15/02/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Éischt Ekippen ouni Problemer
Virun der Fuesvakanz hunn eis U13 mixte 18:19 géint de Standard verluer. D’U15-Jonge waren dem HC Bierchem 26:21 ënnerleeën. Eis U17-Jongen hunn den HBC Attert aus der Belsch 52:35 geklappt. Eis zweet Dammen hu mat 52:22 der Ekipp vu Miersch keng Chance gelooss.

D`Éischt Dammen haten um leschte Spilldag vun der Virronn d’Ekipp vum Handball Bieles op Besuch. No enger Véierelstonn stoung et 12:5, an der Paus war den Ecart schonn op 24:8 ugewuess. Déi zweet Hallschent ass et esou weidergaang: an der 45. Minutt stoung et 35:10 an de Match ass mam Resultat vu 44:14 op en Enn gaang. Vun 12 Diddelenger Feldspillerinnen hunn der 11 op d’mannst ee Gol geschoss.
Eis éischt Damme starten domat vun der zweeter Plaz an der Tabell an den Titel-Playoff. D’Käerjengerinnen hunn op der éischter Plaz just ee Punkt Virsprong. Mat dräi Punkten Ofstand probéieren op der drëtter Plaz och d’Dikrecherinnen nach ëmmer e Wuert matzeschwätzen. Et steet e spannende Kampf ëm de Championstitel un.

D’Éischt Hären hunn hir Virronn mat enger Victoire géint Rëmeleng ofgeschloss. No 15 Minutte stoung et 11:4, an der Paus 21:14. An der 45. Minutt stoung et 29:18 an d’Endresultat war 41:28.
Eis éischt Häre ware virun der Saison als Underdog gehandelt ginn. Allerdéngs hu se an der Virronn bewisen, dass mat genuch Wëllen an Ekippegeescht alles dran ass, a stinn no 14 Spilldeeg iwwerraschend – mee net onverdéngt – op der zweeter Plaz vun der Tabell. Et si 6 Punkten Ofstand, déi se vun de Bierchemer op der éischter Plaz trennen, a mam Tabellendrëtte Red Boys si se punktgläich, ee Punkt viru Käerjeng. Am Härechampionnat kann nach alles geschéien.

Trainerwiessel bei den Dammen
An der Fuesvakanz gouf et en Trainerwiessel bei eisen éischten Dammen. De Yannick Archer hat d’Dammenekipp d’lescht Joer am Januar iwwerholl a konnt am Abrëll direkt de Coupegewënn matfeieren. Elo gouf decidéiert, sech fir den Titel-Playoff vun him ze trennen. Mir soen dem Yannick Merci fir säin Engagement a wënschen him alles Guddes op sengem weidere Wee.

Fir de Rescht vun der Saison gëtt d’Ekipp vun zwee Kënnegen iwwerholl: den neien Trainerduo besteet aus dem Luc Didion, dee virdrun Assistenzcoach bei den Damme war, an dem Mikel Molitor, deen een natierlech aus der éischter Härenekipp an als Trainer vun den U17-Meedercher kennt. Mir wënschen dem Trainerduo an der Ekipp vill Erfolleg!

Dëse Weekend um Programm
Eis éischt Ekippe sinn de Weekend gefuerdert, an et stinn direkt ganz wichteg Matcher um Programm. D’Damme spillen de Samschdenowend um 18:00 Auer zu Dikrech géint d’Verfollgerinne vum CHEV Dikrech. An d’Häre streiden um 20:15 Auer zu Uewerkuer mat der Red Boys ëm déi zweet Plaz an der Tabell.

Mir freeën eis op e flotten Handballweekend! Bis dann!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: