Spëtzematcher fir eis Hären

01/02/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Zwee Spëtzematcher fir eis Hären
Um vergaangene Weekend hunn eis Jugendekippe staark Resultater realiséiert. D’U13 mixte huet d’Red Boys mat 5:26 geklappt. D’U15-Jongen hunn hir Partie géint d’Entente Museldall-Miersch 16:41 gewonn. D’U17-Meedercher hu sech mat 34:17 géint d’Entente Kordall duerchgesat, iwwerdeems d’U17-Jongen zu Käerjeng 53:34 ënnerleeë waren.

Eis zweet Dammen hu géint Käerjeng forfait gewonn, dee Match gëtt also 20:0 gewäert. D’Zweet Hären hunn op der Red Boys 25:21 verluer.

Eis éischt Ekippe sinn de Samschden auswäerts géint Esch ugetrueden. D’Diddelenger Damme ware séier zwee, dräi Goler vir an hunn deen Ecart gehale kritt. Bis d’Paus konnte si sech awer net weider ofsetzen, et ass mat 12:15 an de Vestiaire gaang. D’Zweet Hallschent ass änlech ugaang. An der 46. Minutt war et eng éischte Kéier en Ofstand vu 5 Goler. Um Enn stoung et 24:31. D’Käerjengerinnen hu gläichzäiteg zu Dikrech gespillt an do iwwerraschend verluer. Eis Damme sinn also mat just nach engem klenge Punkt Ofstand dem Tabellenéischten op de Feeschten.

Eis éischt Hären haten et zu Lalleng net einfach. Et war net onbedéngt dee schéinsten Handball – eng Partie, wou sech näischt geschenkt gouf a béid Ekippen zesummen 11 Zäitstrofe gesammelt hunn. Deen éischte Gol ass eréischt an der sechster Minutt gefall. Déi éischt Hallschent war dann eng ganz enk, fir d’Paus stoung et 15:15. Am Gol ass de Mika Herrmann verletzungsbedéngt ausgefall, mee den Thierry Hensen konnt eng exzellent Leeschtung ofruffen an huet der Ekipp déi néideg Sécherheet ginn. Ab der 39. Minutt koum Beweegung an de Score, d’Diddelenger sinn op 5 Goler dovugezunn. Dee Virsprong krute se dann och bis zum Schluss verwalt, sou dass et um Enn no engem richtege Kraftakt 32:36 stoung.

Laang erblose konnte sech d’Fiiss awer net, well scho mëttwochs stoung en Nodrosmatch um Programm. D’Gäscht koumen aus dem Réiserbann a virun enger gutt gefëllter Hal war et den Duell tëscht dem Tabellenéischten an dem Tabellenzweeten. An do haten d’Diddelenger guer kee gudde Start erwëscht: Schonn no siwe Minutten huet de Coach Martin Hummel beim Score vun 1:6 mat engem Timeout d’Handbrems missen zéien. Am weidere Verlaf ass den Ecart zwar net weider gewuess, mee méi war net ze maachen an esou ass et beim Stand vun 12:18 an d’Paus gaang. D’Diddelenger hunn allerdéngs Charakter bewisen an de Kapp net hänke gelooss. Ab der 40. Minutt ass hinnen alles gelongen, sou dass et an der 46. Minutt 23:23 stoung. D’Bierchemer waren dovun net beandrockt a konnte sech direkt erëm mat dräi, véier Goler ofsetzen. Eis Hären hunn de Kapp zu kengem Moment hänke gelooss, mee um Enn sollt et net duergoen. De Match ass 35:38 op en Enn gaang. Mat verletzungsbedéngten Ausfäll geplot a sou kuerz no der Partie géint Esch ass dat géint ee staarken Tabellenéischten kee schlecht Resultat, an awer sinn d’Diddelenger de Mëttwoch an der Tabell vun der zweeter op déi véiert Plaz gefall.

Dëse Weekend um Programm
De Samschden trieden eis U17-Jongen um 14:00 Auer zu Diddeleng géint den HBC Attert un. Um 15:45 Auer spillen eis zweet Dammen doheem géint d’Ekipp vu Miersch. D’éischt Dammen hunn um 18:00 Auer den Handball Bieles op Besuch, um 20:15 Auer empfänken dann d’Hären d’Espérance Rëmeleng.

De Sonnde gëtt zu Nidderkuer ab 10:00 Auer en FLH-Turnéier fir d’U11 mixte organiséiert. D’U13 mixte spillen um 14:00 Auer doheem géint den HC Standard. Gläichzäiteg trieden eis U15-Jongen zu Krautem géint den HC Bierchem un. D’U17-Meedercher spillen um 16:00 Auer am Hartmann géint den HC Standard.

Handball ass fir jiddereen
Ënnert der Leedung vum Kristina Gavrilova soll deemnächst e Projet ausgeschafft ginn, bei deem et ëm d’Inklusioun vu Leit geet, déi aus verschiddene Grënn – wéi ënnert anerem (mee net nëmmen) kierperlechen oder geeschtege Beanträchtegungen – bis elo net kënnen un Trainingen deelhuelen. Et geet an enger éischter Phas drëms, fräi nom Motto “Handball ass fir jiddereen”, nei Konzepter auszeschaffen. Dat Ganzt steet nach ganz um Ufank, all Iddi an Hëllef ass also wëllkomm. Wie sech beruff fillt, eppes Positives ze bewierken a sech bei dësem flotte Projet mat anzebréngen, ka sech gär beim Kristina mellen: gavrilova_kristina@hotmail.com.

Mir freeën eis op e flotten Handballweekend, an hoffen, Iech an der Hal begréissen ze dierfen! Bis dann!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: