All eis Ekippen haten d’Nues vir

26/01/2024 Handball Diddeleng Blog Home

All eis Ekippen haten d’Nues vir
De leschte Weekend war een erfollegräiche fir eis Ekippen.
Eis U13 mixte huet zu Maacher 20:27 gewonn. D’U15-Jonge krute sech um Standard 11:40 duerchgesat. Zu Dikrech hunn d’U15-Meedercher en 18:30 realiséiert an d’U17-Jongen haten d’Ekipp aus der Nordstad doheem op Besuch. Dee Match hu si 42:26 gewonn.
Eis zweet Hären hunn auswäerts 21:30 géint Esch gewonn. D’Zweet Dammen hunn zu Réiden 19:46 gewonn.

Eis éischt Dammen haten doheem keng Problemer géint den Handball Museldall, um Enn stoung et 30:11.

Dës Woch um Programm
Eis U13 mixte trëtt de Samschden um 14:30 Auer zu Nidderkuer géint d’Red Boys Déifferdeng un. Zu Käerjeng ass um 16:00 Auer den Upëff fir eis U17-Jongen. Fir de Match vun eisen zweeten Dammen, deen déi selwecht Zäit sollt ugoen, huet Käerjeng Forfait erkläert.
Eis éischt Dammen hunn um 18:00 Auer Rendez-vous zu Lalleng. Direkt am Uschloss, um 20:15 Auer, geet et dann och fir d’éischt Häre géint d’Escher. Opgepasst: De Boulevard Grande-Duchesse Charlotte zu Esch ass de Samschde bis owes nach mat wéinst engem Schantje gespaart. Bei d’Hal kënnt een dann also am Beschten iwwert de Boulevard Hubert Clément.

De Sonnden um 10:00 Auer ass zu Dikrech en FLH-Turnéier fir d’U11 mixte. Um 16:00 Auer sinn dann zwee Matcher gläichzäiteg: zu Maacher hunn d’U15-Jonge Rendez-vous mat der Entente Museldall-Miersch, d’U17-Meedercher trieden doheem géint d’Entente Kordall un. Um 18:00 Auer ass et dann d’Partie tëscht eisen zweeten Hären an de Red Boys, an dat zu Nidderkuer.

Kommt och dëse Weekend an d’Hal an ënnerstëtzt Är Ekippen! Bis de Weekend!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: