Damme verléieren zu Käerjeng

19/01/2024 Handball Diddeleng Blog Home

Um éischte Match am neie Joer waren eis éischt Dammen zu Käerjeng ënnerleeën. Déi éischt zéng Minutte ware béid Ekippe gläichop, iert d’Käerjengerinne fir d’Véierelstonn an Iwwerzuel en Ecart erausspille konnten. No 16 Minutte stoung et 10:6. D’Diddelengerinnen hunn de Kapp awer net hänke gelooss a sech erëm erugekämpft. An der 30. Minutt war den HBD eng éischte Kéier mat engem Gol vir, zur Paus stoung et 14:14.
D’Ekipp vum Handball Käerjeng ass awer besser aus der Kabinn komm. D’Diddelengerinnen hu 5 Minutte laang kee Gol geschoss, an der 49. Minutt stoung et 23:18. Bei deem Ecart sollt et dann och bleiwen, de Match ass 29:24 op en Enn gaang.
Domat loossen eis Damme wichteg Punkte leien, an d’Käerjengerinne kënne sech virleefeg mat 3 Punkte Virsprong ofsetzen.

Eis U15-Jonge konnten iwwerdeems op hirem sechste Spilldag déi sechst Victoire verbuchen. Si waren an der Belsch géint den HBC Attert ugetrueden an hunn do souverän 14:41 gewonn.

Eis U17-Meedercher haten et auswäerts mam Handball Esch ze dinn a krute sech mat 8:27 duerchgesat.

Dëse Weekend um Programm
De Samschdeg trieden eis U17-Jongen um 15:45 Auer zu Diddeleng géint de CHEV Dikrech un. Um 16:00 Auer spillen eis zweet Hären zu Lalleng géint d’Ekipp vum Handball Esch. Fir eis zweet Dammen heescht de Géigner um 17:00 Auer HC Atert Réiden, och si spillen auswäerts. Um 19:00 Auer dann empfänken eis éischt Dammen am Hartmann d’Ekipp vum Handball Museldall.

Sonndes moies um 10:00 Auer fënnt zu Schëffleng en FLH-Plateau fir d’U8 mixte statt. Um 15:00 Auer trieden eis U15-Jongen zu Bouneweg géint den HC Standard un. An um 15:00 Auer sinn et direkt zwou Partien, déi ugepaff ginn: d’U13 mixte spillt zu Gréiwemaacher an d’U17-Meedercher zu Dikrech.

Och am neie Joer heescht et, Är Ekippen ënnerstëtzen ze kommen! Mir freeën eis, Iech an der Hal ze begéinen!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: