Eis Jugendekippen an der Erfollegsspuer

14/12/2023 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Eis Jugendekippen an der Erfollegsspuer
Eis U17-Jongen hunn zu Bouneweg héich géint den HC Standard gewonn, d’Endresultat war 34:53. Eis U13 mixte huet doheem 13:10 géint d’Ekipp vu Miersch gewonn. De Match vun eisen U15-Jongen zu Esch huet missen op e spéideren Datum geréckelt ginn. D’U17-Meedercher hunn doheem géint Käerjeng gespillt an dës ganz wichteg Partie 26:20 fir sech entscheet. Fir si war et de leschte Match dëst Joer, a si stinn am Championnat momentan op der éischter Plaz, punktgläich mat Käerjeng, mee mat engem Match manner. An eis zweet Häre waren doheem géint Esch quasi dee ganze Match iwwer am Réckstand, konnten d’Partie awer an de leschte 5 Minutten dréien an hu schlussendlech 33:31 gewonn.

Eis éischt Damme sinn zu Uewerkuer géint d’Red Boys ugetrueden a goufen hei kal erwëscht. Et war eng Partie mat villen technesche Feeler op béide Säiten. An der 13. Minutt stoung et 3:3 gläich, an ab deem Moment waren d’Red Boys iwwer laang Strecken een, zwee Goler vir. No der Paus ass deen Ecart ee Moment op 6 Goler ugewuess. Eis Dammen hu sech bis zum Schluss erëm erugekämpft, mee et sollt net méi duergoen. Um Enn stoung et 24:22 an domat sinn zwee wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel verluer. D’Ekipp vum Handball Käerjeng profitéiert iwwerdeems, fir mat engem Punkt Virsprong an der Tabell laanscht eis Dammen ze zéien an op déi éischt Plaz ze klammen. Et bleift also also weider ganz spannend.

Eis éischt Häre waren iwwerdeems beim Handball Käerjeng op Besuch. Déi Käerjenger sinn trotz enger fréier rouder Kaart besser an de Match komm a konnte sech e Virsprong vun zwee, dräi Goler erausspillen. Beim Stand vu 15:12 ass et an d’Paus gaang. An der zweeter Hallschent ass et änlech weidergaang. D’Diddelenger hu probéiert, erunzekommen, mee d’Käerjenger hunn hire klenge Virsprong haart verdeedegt. Ganz zum Schluss ass et nach eng Kéier spannend ginn, Käerjeng krut an der 59. Minutt eng 2-Minutte-Strof an eis Häre wollten dovu profitéieren a wéinstens e Gläichspill erzwéngen. Um Enn ass et awer op ee Punkt net duergaang an esou stinn eis Hären no 11 Spilldeeg mat aacht gewonnene Matcher op enger remarkabeler zweeter Plaz vun der Tabell.

Dës Woch um Programm
De Samschde spillen eis U17-Jongen um 16:00 Auer doheem géint den Handball Museldall.
Fir eis U11 mixte fënnt de Sonnden ab 10:00 Auer en Turnéier statt. Sonndes mëttes spillen dräi vun eisen Ekippen. Dës Matcher sinn allen dräi gläichzäiteg, an zwar um 16:00 Auer. Eis zweet Dammen trieden auswäerts géint den HBC Schëffleng un. Eis zweet Häre fueren op Krautem bei den HC Bierchem. An am Hartmann ass et d’Partie tëscht eisen U15-Jongen an der Entente Kordall.

Fir eis Jugendekippen ass et hire leschte Spilldag dëst Joer. Eng gutt Geleeënheet, fir si kräfteg an d’Hal ufeieren ze kommen! Mir freeën eis op Iech!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: