Teamwork makes the dream work

05/12/2023 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Teamwork makes the dream work
De Samschde waren eis U17-Jongen déi éischt Diddelenger Ekipp, déi an hire Spilldag gestart ass. Zu Bierchem hate si awer keng Chance an hu sech 55:27 misse geschloe ginn. Schonn an der Paus stoung et 28:13.
Eis U17-Meedercher hu sech zu Maacher mat engem Resultat vun 29:37 duerchgesat.
Eis zweet Häre ware géint den HC Bierchem am Asaz an hunn do eng spannend Partie erlieft. An der 51. Minutt stoung et nach gläich, iert d’Réiserbänner sech liicht ofsetze konnten. Um Enn stoung et 21:20.

Eis éischt Dammen hunn doheem d’Ekipp vum CHEV Dikrech empfaang. Si wollten et besser maache wéi am Allersmatch, wou et just fir e Gläichspill duergaang war – an dat ass och gelong. An der Paus stoung et scho 15:8, an dat Resultat konnt bis zum Schluss op 28:16 ausgebaut ginn. Domat hunn eis Dammen am Championnat weider ee Punkt Virsprong op den Handball Käerjeng.

Eis éischt Häre beweisen um 10. Spilldag, dass si et mat jidderengem ophuele kënnen, a klappen d’Red Boys zu Nidderkuer 28:29. An der 27. Minutt war d’Heemekipp schonn op 6 Goler dovugezunn, mee d’Diddelenger hunn u sech gegleeft a bis d’Hallschent op 18:15 verkierzt. An der 48. Minutt stoung et 24:24, an eis Hären hu sech erëm an e Flow gespillt, wéi se et dës Saison schonn e puer mol gemaach hunn. Um Enn hu si sech mat zwee Punkte belount, duerch déi se (Bierchem huet eréischt sonndes gespillt) souguer e puer Stonnen un der Tabellespëtzt stoungen.

Dës Woch um Programm
De Samschden um 16:00 Auer reesen eis U17-Jongen op Bouneweg bei den HC Standard.
Um 16:30 Auer hunn eis U13 mixte d’Ekipp vu Miersch op Besuch.
Fir eis éischt Ekippe sti wichteg Partien um Programm. D’Dammen trieden um 18:00 Auer auswäerts géint den Tabellendrëtten Red Boys un. An d’Hären hunn zur selwechter Zäit Rendezvous zu Käerjeng.

Sonndes moies fënnt am Hartmann fir d’U8 mixte e Plateau vun der FLH statt.
Um 10:30 Auer spillen eis U15-Jongen auswäerts géint den Handball Esch.
Eis U17-Meedercher spillen um 16:00 Auer doheem géint den Handball Käerjeng.
An um 18:00 Auer hunn eis zweet Hären den Handball Esch op Besuch.

Kommt Är Ekippen an d’Hal ënnerstëtzen! Bis de Weekend.

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: