Véierelsfinalle vun der Coupe

30/11/2023 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Et waren d’Véierelsfinalle vun der Coupe
An insgesamt si fënnef Diddelenger Ekippen ugetrueden. Mir fänke mat eiser Jugend un:
Eis U13 mixte ware géint de CHEV Dikrech ugetrueden an hu sech do missen 13:28 geschloe ginn.
Eis U15-Jongen hu sech géint d’Entente Kordall (Péiteng a Red Boys) duerchgesat. Um Enn stoung et 44:24.
An eis U17-Jongen haten d’Entente Schëffleng-Esch op Besuch an hunn déi Partie 23:42 verluer.

Eis éischt Damme si géint den Handball Museldall ugetrueden. Hir lescht Begéinung am Championnat hate si 15:34 fir sech entscheet, an och an der Véierelsfinall vun der Coupe hunn d’Diddelengerinnen näischt ubrenne gelooss. An der 7. Minutt stoung et 5:0, bis zur Paus war deen Ecart op 11 Goler ugewuess. Um Enn stoung et 35:17. Eis Dammen zéien domat souverän an d’Halleffinall – an domat an d’Coque – an.

Bei eisen éischten Häre war sech méi eng enk Partie erwaart ginn. Si haten et mat de Käerjenger ze dinn, géint déi se fir d’lescht op 3 Goler verluer haten. D’Partie ass ganz spannend ugaang, no 17 Minutte stoung et 10:10. Duerno konnt den HBD sech liicht ofsetzen, sou dass et mam Score vun 20:17 an d’Paus gaang ass. Et war also nach laang näischt decidéiert.
Déi Käerjenger koumen erëm op ee Gol erun, mee krute kuerz hannerteneen zwou 2-Minutte-Strofen. Eis Diddelenger hunn dës Phas genotzt fir nach eng Kéier opzedréien. Mat der euphorescher Ënnerstëtzung vun enger struppevoller Tribün gouf den Ecart innerhalb vu 5 Minutten op sechs Goler ausgebaut. Um Enn belount eis Ekipp hiert séiert Spill no vir an déi exzellent Leeschtung am Gol mam Resultat vun 38:29. Och eis éischt Häre wäerten also am Final 4 an der Coque untrieden.

Dës Woch um Programm
De Samschde spillen eis U17-Jongen um 15:00 Auer auswäerts géint den HC Bierchem.
Eis éischt Dammen trieden um 18:00 Auer zu Diddeleng géint de CHEV Dikrech un. Am Allersmatch haten d’Dikrecherinnen e Gläichspill erzwongen – d’Missioun ass et also, dës Kéier déi zwee Punkten doheem ze halen.

Eis éischt Hären hunn et um 20:15 Auer zu Nidderkuer mat der Ekipp vun der Red Boys ze dinn. Den HBD ass dat eenzegt Team, dat dem Déifferdenger Tabelleleader bis elo Punkten ofknäppe konnt, an ass am Moment an Héchstform. Et steet also direkt den nächste Spëtzematch um Programm.

Sonndes moies ass dann am Hartmann eng méi lass fir eis U8 an U11. Um 9:00 Auer sti Wichtelspiller um Programm, duerno kennt de Kleesche si besichen. No engem gudde Maufel ginn déi zwou Ekippen dann zesummen op de Cortège vum Kleeschen, dee vun der Gemeng organiséiert gëtt.

Um 16:00 Auer stinn dann direkt zwou Partien un. Eis zweet Häre spillen auswäerts géint d’Ekipp vum HC Bierchem an zu Gréiwemaacher sinn eis U17-Meedercher gefuerdert.

Mir freeën eis, fir zesumme mat Iech eis Ekippen unzefeieren an eng gutt Zäit ze verbréngen.

Bis de Weekend!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: