Iwwerraschung géint Esch

23/11/2023 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Iwwerraschung géint Esch
Nodeems déi Escher géint Käerjeng e Gläichspill erausgeschloen haten, war sech eng spannend Partie fir de Mëttwochowend erwaart ginn. Eis Hären haten awer offensichtlech eppes aneres wëlles. Mat engem 4:0-Laf hu se de Score opgemaach, fir no 17 Minutte scho 7 Goler vir ze sinn. Der Escher Ekipp wollt näischt geléngen, wärend eis Hären hire Virsprong ëmmer weider ausgebaut hunn. An der Paus stoung et 23:10 – en exzeptionellen Tëschestand, zeréckzeféieren op eng Leeschtung, wéi se vill besser net hätt kënne sinn. Déi zweet Hallschent huet sech e bësse méi ausgeglach gestalt. Um Enn stoung et 37:24.

Samschdes hunn eis U13 mixte auswäerts géint den HC Bierchem keng Punkten asammele konnten. Si verléieren déi Partie 44:9.
Eis éischt Damme waren zu Bouneweg géint den HC Standard am Asaz an hunn do ouni Problemer gewonn, um Enn stoung et 7:46. Si bleiwen domat weiderhin un der Spëtzt vun der Tabell, mat engem Punkt Ofstand zum Handball Käerjeng.
An hirer zweeter Partie vun der Woch hunn eis éischt Häre sech doheem géint de CHEV Dikrech duerchgesat. D’Resultat war 40:27. Eis Häre stinn domat no 9 Spilldeeg op der drëtter Plaz vun der Tabell.

Sonndes hunn eis U15-Jongen doheem géint den Handball Käerjeng gespillt an dee Match mat 19:12 gewonn.
Eis zweet Dammen hu sech zu Miersch mat 11:45 behaapt. An eis zweet Hären hu sech doheem mat 17:21 géint d’Ekipp vu Käerjeng misse geschloe ginn.

Fir d’Partie vun eisen U17-Meedercher hat den HC Standard iwwerdeems Forfait erkläert, déi Partie gëtt also 20:0 gewäert.

Dës Woch um Programm
Sträicht Iech dëse Samschden a Sonnden an Ärem Kalenner un! Eis Ekippe sinn an der Véierelsfinall vun der Coupe gefuerdert, an d’Matcher sinn all zu Diddeleng.

Lass geet et mat eisen U13 mixte, déi samschdes um 13:45 Auer d’Véierelsfinall géint de CHEV Dikrech spillen. Déi zwou Ekippe spillen am Championnat a verschiddene Poulen an hu sech dës Saison also nach net begéint.

Eis U17-Jongen trieden um 15:30 Auer géint d’Entente Schëffleng-Esch un. Dee leschten Duell haten eis Jongen 26:41 verluer – ee Grond méi, fir se ufeieren ze kommen!

Um 18:00 Auer kréien eis éischt Dammen et mat der Ekipp vum Handball Museldall ze dinn. Zu Maacher haten eis Damme fir d’lescht 15:34 gewonn.

An um 20:15 Auer heescht de Géigner vun eisen éischten Hären dann Handball Käerjeng. Déi Ekippen hate sech an der leschter Partie 37:40 zu Gonschte vun de Käerjenger getrennt.

Sonndes moies fënnt am Hartmann en Turnéier fir d’U11 statt. Um 16:00 Auer maachen eis U15-Jongen den Ofschloss mat hirer Véierelsfinall géint d’Entente Kordall (Péiteng a Red Boys). Déi Ekippen hu sech dëst Joer nach net begéint.

Dir gesitt: En Handballfest erwaart eis, a wéi der wësst, huet d’Coupe hir eege Reegelen. Et schued also net, vun der Tribün aus e bëssen nozehëllefen, andeems Dir Är Ekippen an d’Hal ënnerstëtze kommt. Fir d’leiflecht Wuel ass iwwregens gutt gesuergt: De ganze Weekend iwwer wäert eis Jugendkommissioun fir Iech grillen a Glühwäin zerwéieren. Samschdes empfänke si Iech iwwerdeems an der Cocktailbar, a sonndes gëtt et Panescher, Kaffi a Kuch.

Bis de Weekend am Hartmann!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: