D’Kroatinne vu Bjelovar waren op Besuch

02/10/2023 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

D’Kroatinne vu Bjelovar waren op Besuch!
Dënschdes hunn eis éischt Hären de Startschoss fir dës vollgepaken Handballwoch ginn. Si haten am Hartmann d’Käerjenger op Besuch. Béid Ekippe waren nach ongeschloen, mee dräi Deeg virdrun hat den HBD e Kraaftakt géint d’Red Boys vollbruecht, wärend déi Käerjenger mat der Espérance Rëmeleng eng e bësse manner komplizéiert Aufgab geléist haten. An dass eis Häre dowéinst vläicht eng Grëtz méi schwéier Been wéi hir Gäscht haten, huet ee virun allem an der zweeter Hallschent gemierkt.
Trotzdeem war et eng ganz enk Partie. An der 45. Minutt stoung et eng leschte Kéier gläich, dunn haten d’Käerjenger e Laf a waren 10 Minutte méi spéit 5 Goler vir. Um Enn verléieren eis Hären 37:40. Esou e knappt Resultat géint ee vun de Favoritten, nëmmen e puer Deeg no enger Victoire géint een anere Favoritt – dat ass ganz sécher näischt, woufir ee sech schumme misst.

Samschdes sinn eis U15-Jongen an hir Saison gestart. Si waren op e Coupematch bei den HC Standard gefuer an hunn do net zweemol iwwerluecht: An der Paus stoung et schonn 8:25 aus der Siicht vun de Stater, an um Enn war et e Resultat vun 21:38.

Eis zweet Häre ware sonndes am Asaz. Fir si ass et an der Coupe auswäerts géint Bierchem 3 net duergaang, hei war d’Resultat 26:23 aus der Siicht vun de Réiserbänner. An och eis éischt Hären haten hiren éischten Tuer an der Coupe zu Leideleng géint d’Ekipp vum Handball Bartreng. Dee Match hu si 17:40 gewonn.

Den Haaptevent vum Weekend waren awer natierlech Hin- a Réckmatch vun eisen Dammen am zweeten Tuer vun der Coupe d’Europe géint den ZRK Bjelovar aus Kroatien. Béid Matcher goufen zu Diddeleng gespillt.
D’Gaaschtekipp huet am éischte Match freides direkt opgedréit an den Tempo uginn. Dobäi koum, dass eis Dammen, wat d’Chancëverwäertung ugeet, kee gudden Dag erwëscht haten. Mat engem Réckstand vun 8:20 ass et an d’Paus gaang, an deen Ënnerscheed hunn d’Kroatinnen an der zweeter Hallschent op 17:34 ausgebaut.
Samschdes war d’Missioun also, et bësser ze maachen, an dat ass eisen Dammen och gelongen. Den Arbitrage huet net gehollef, mee d’Diddelengerinnen hunn de Kapp net an de Sand gestach a géint e kloer iwwerleeëne Géigner e respektabelt Resultat vun 21:31 realiséiert.

Dës Woch um Programm
Freides um 20:30 Auer trieden eis éischt Hären fir den nächste Spëtzematch zu Krautem géint den HC Bierchem un.

Samschdes um 16:00 Auer spillen eis gemëscht U13 doheem géint den HC Standard. Um 18:00 Auer spillen eis U17-Jongen auswäerts zu Dikrech.

Sonndes um 15:00 Auer hunn eis U15-Jongen den HC Bierchem op Besuch. Um 17:00 Auer spillen dann eis U17-Meedercher doheem géint den Handball Esch. An um 19:00 Auer trieden eis zweet Hären zu Bouneweg géint den HC Standard un. Mir gesinn eis an der Hal!

A soss?
Freides hate mir de Joachim Kurth an der Hal op Besuch, de Category Manager vu Select. Zesummen hu mir eis nei Partnerschaft mam dänesche Sportartikelhiersteller offiziell virgestallt. Als HBD si mir ganz houfreg als éischten an eenzege Klub am Land mat dëser grousser Handballmark zesummenzeschaffen.

An net vergiessen: Den 21. Oktober fënnt eist Oktoberfest am Kessel op der Diddelenger Kiermes statt! No eisen Dammen hirem Heemmatch géint Käerjeng ass ab 20:00 Auer Apero, um 20:45 Auer gëtt et z’iessen. Et sinn nach ëmmer Dëscher ze kréien!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun:












0
    0
    Your Cart
    Your cart is emptyReturn to Shop