Wat war dat e Match!

25/09/2023 Handball Diddeleng Blog Home

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Wat war dat e Match!
Et war den drëtte Spilldag an der AXA League fir eis éischt Dammen an Hären, a béid Ekippen haten d’Red Boys vun Déifferdeng op Besuch.

Eis Damme wollten nom Ausrutscher zu Dikrech erëm an d’Erfollegsspuer zeréckfannen. D’Red Boys haten de leschte Weekend zu Käerjeng nëmmen 28:26 verluer, an deementspriechend war sech eng méiglecherweis enk Partie erwaart ginn. Am Endeffekt war deem awer net esou: No 15 Minutte stoung et 7:2, an der Paus 13:7 an um Enn waren eis Damme mat engem Resultat vun 30:17 souverän iwwerleeën.

Am Uschloss war et un den Hären. Hei waren déi Déifferdenger als Coupe- a Supercupgewënner eigentlech klore Favorit a sinn där Roll an der éischter Hallschent och gerecht ginn. Ma de Kampf- an Ekippegeescht vun der Diddelenger Ekipp ware kloer z’erkennen, d’Defense stoung gutt an no engem geckege Gol vun der Mëttellinn kuerz virun der Paus war et en Tëschestand vun 12:16.
Ma an der zweeter Hallschent hunn eis Hären esou richteg opgedréit: An der 37. Minutt stoung et nach 16:20, sechs Minutten drop 21:20. D’Atmosphär an der Hal war exzeptionell, de Mika Herrmann am Gol war an absolutter Toppform (an der RTL-Reportage gouf hie spéider als “de Vernichter vu Golchancen, gewëssermoossen de Schredder” bezeechent) an d’Ekipp huet mat vill Asaz gewisen, wéi schéin Handball si kann. Verdéngt belounen eis Häre sech fir hir staark Leeschtung mat engem Resultat vun 32:29 a bleiwen domat ongeschloen un der Spëtzt vun der Tabell.

Sonndes war et den éischte Spilldag am Championnat vun eisen zweeten Hären. Si haten et doheem mat der Ekipp vu Miersch75 ze dinn. D’Resultat war en exzellent 47-17.

Dës Woch ass Coupe d’Europe!
Eis éischt Hären hunn net laang Zäit, fir sech z’erblosen. Schonn den Dënschdeg empfänke si den Handball Käerjeng, ee vun de Favoritten op den Titel, deen dëse Weekend géint Rëmeleng awer streckeweis Krämpes hat. Et dierf een also ganz gespaant sinn! Kommt Är Ekipp ufeieren! Ugepaff gëtt zu Diddeleng am Centre Sportif René Hartmann, den Dënschdeg (26. September) um 20:30 Auer.

De Weekend steet da ganz am Zeeche vun der Coupe d’Europe. Eis Damme spillen am zweeten Tuer vum EHF European Cup géint den ZRK Bjelovar aus Kroatien. D’Kroatinne sinn 2021/22 an 2022/23 an der héchster kroatescher Liga déi Drëtt ginn. Op europäeschem Niveau sinn si déi lescht zwou Saisonen am zweeten Tuer vun der EHF European League (dem Concours iwwert dem European Cup) ausgescheet. Hiert bescht Resultat war 2020 d’Erreeche vun de Véierelsfinalle vum European Cup. Béid Matcher géint Bjelovar sinn dëse Weekend zu Diddeleng, freides um 20:00 Auer a samschdes um 18:00 Auer. Kommt Är Ekipp an d’Hal ënnerstëtzen!

Weider Matcher dës Woch
Eis U15-Jonge starten de Samschden an hir Saison. Si spillen um 16:00 Auer zu Bouneweg géint den HC Standard.

Fir eis éischt Hären ass et de Samschdeg um 20:00 Auer déi éischt Ronn an der Coupe, wou se géint den Handball Bartreng spillen. Dës Partie gëtt an der Hal zu Leideleng ausgedroen.

Eis zweet Häre spillen de Sonnden um 16:00 Auer an der Coupe auswäerts géint den HC Bierchem.

A soss?
Den 21. Oktober fënnt eist Oktoberfest am Kessel op der Diddelenger Kiermes statt! No eisen Dammen hirem Heemmatch géint Käerjeng ass ab 20:00 Auer Apero, um 20:45 Auer gëtt et z’iessen. All d’Informatiounen dozou a wéi Dir Iech umellt, fannt Dir op eisem Site: hbd.lu

“Eis Haaptmotivatioun ass d’Léift zum Club” sot den Tommy Wirtz am Interview op moien-mental.lu.

An d’Wort zum Sonntag huet eisen Itua Etute (9 perséinlech Goler) nom Match géint d’Red Boys am Interview mat ApartTV geschwat: “Mir si kee Favorit, mee mir kënnen all Match gewannen. A wa se hei op Diddeleng kommen, da musse se kämpfe fir hir Punkten… well mir wëllen déi!”

An deem Sënn – sportlech Gréiss, a bis geschwënn an der Hal!

Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun:












0
    0
    Your Cart
    Your cart is emptyReturn to Shop