Léif Frënn vum Handball Diddeleng,
Eng gutt Noriicht direkt vir ewech: eisen Newsletter kritt Dir elo erëm reegelméisseg geschéckt, mat de Resultater vum viregte Spilldag, dem Programm vum Weekend an Informatiounen zu Evenementer.
An déi nei Saison ass jo schonn amgaang, an et ass scho vill geschitt! Duerfir hei e klenge Réckbléck:
5. Juli: Neie Conseil d’Administration
Op der Generalversammlung gouf de Christian Schott, fréiere Spiller vum HBD, zum President gewielt. Hien iwwerhëlt domat déi Funktioun vum Fabian Cruciani, dee schonn e puer Méint virdrun ugekënnegt hat, säin Amt néierzeleeën.
Mam Christian trëtt eng Ekipp vu villen neien an ale Gesiichter als neie Conseil d’Administration un, déi eng nei Dynamik an de Club erabrénge wëllen. Gläichzäiteg geet et drëms, sech op dat zeréckzebesënnen, wat nach ëmmer dem HBD seng Stäerkt war: eng exzellent Jugendaarbecht.
Mir wëllen dem Fabian, mee och dem Nico Meyer an dem Sandro Berettini, déi sech trotz hirem Austrëtt aus dem Comité weider am Club engagéiere wäerten, op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci fir hiren Asaz soen.
Den neie Conseil d’Administration. v. l. n. r.: Tommy Wirtz, Dan Mauruschatt, Loris Spina, Vincenzo Lovece, Lynn Spielmann, Christian Schott, Luc Witry,
Ben Zeimetz, Anna Dickes, Mireille Folschette, Laurent Thiry, Sylviane Gambini, Max Romersa. Net op der Foto: Gledis Kryeziu, Dan Ley.
2. September: Lodyss-Supercup
Eis Dammen haten direkt am éischte Match vun der Saison en Titel ze verdeedegen. 2021 an 2022 haten d’Diddelengerinnen de Supercup géint Käerjeng gewonnen, an och dëst Joer ass et um Dribbel erëm géint d’Ekipp mam grénge Léiw op der Broscht gaang.
An enger enker Partie hunn eis Dammen trotz verletzungsbedéngten Ausfäll Charakter bewisen, ma si hu sech um Enn 26-24 misse geschloe ginn. De Supercup bleift domat also dëst Joer zu Käerjeng, mee no dësem spannende Match an deem enke Resultat freeë mir eis ëm sou méi op eisen Dammen hir Saison.
9. September: Éischte Spilldag
Um éischte Spilldag vun der AXA League hunn eis Dammen doheem géint d’Ekipp vum HC Standard näischt ubrenne gelooss an déi Partie 35-5 fir sech entscheet.
Eis Hären haten et am Uschloss mat Miersch75 ze dinn. No enger duerchwuessener éischter konnte si sech an enger besserer zweeter Hallschent géint hir Gäscht duerchsetzen a gewannen hiren éischte Match 36-26.
16. September: Zweete Spilldag
Um zweete Spilldag vun der AXA League ass et souwuel fir eis éischt Dammen ewéi och fir eis éischt Hären op Dikrech bei de CHEV gaang. An do huet et eis Damme kal erwëscht – déi Dikrecher konnten e bëssen iwwerraschend e Gläichspill vun 19-19 erausschloen.
Och eis Hären hunn de ganze Match iwwer misse kämpfen, ma konnten no enger enker Partie zwee Punkte mat zeréck op Diddeleng bréngen. Hei war et no 60 Minutten e Resultat vun 31-36.
an dëse Weekend: d’Red Boys op Besuch
Den 23. September, dëse Samschdeg also schonn, geet et dann direkt weider mam drëtte Spilldag an der AXA League. Hei hunn eis Dammen um 18:00 Auer am Centre Sportif René Hartmann d’Red Boys vun Déifferdeng op Besuch. Direkt duerno geet et um 20:15 Auer op der selwechter Plaz fir eis Häre géint d’Red Boys. Déi zwee Matcher versprieche spannend ze ginn.
Fir d’leiflecht Wuel ass iwwregens gesuergt: eis Jugendkommissioun grillt a mécht Cocktails, an um Stand vun eisen Damme kritt Dir e gudde Paangech! Ma dann… bis e Samschden an der Hal!
(Dir kënnt iwwregens nach ëmmer eise Season-Abo kafen, mat deem Dir zum Präis vun eemoleg 125 Euro all Championnats-Heemmatch vun eisen éischten Dammen an Häre kënnt kucke kommen – déi ganz Saison laang! Mellt Iech duerfir einfach per Mail um contact@hbd.lu.)
Dësen Newsletter gëtt presentéiert vun: | ||
---|---|---|