Léif Frënn vum Handball Diddeleng,
Leider ass eis Aventure um europäeschen Niveau op en Enn komm…Eis Fiiss hu bis zum Schluss gekämpft, konnten sech awer net duerchsetzen. Eis Dammen hunn awer bewisen dat se gutt mathale kënnen a Kampfgeescht hunn, dëst virun allem um Retour-Match wou et ee Moment gläich stoung. Leider geet et dann net duer, esou steet et um Schluss 36-31.
Eis Hären hunn sech déi nächst 2 Punkten am Championnat gekroopt a verteidegen esou hir 3 Platz am Klassement. An der méi enk gerodener Partie, steet et dann zum Schluss 27-23 fir den HBD.
Eis Damme konnten sech e Mëttwoch, um Spëtzematch géint Käerjeng, déi éischt Plaz an der Tabell ergatteren. Um Schluss vun dëser Partie stoung et 37 zu 25 fir den HBD.
Hei déi aner Resultater vum Weekend:
U13 : Miersch 75 – HBD : 30 – 14
U15F : HB Museldall – HBD : 36 – 23
U17G : HBC Attert – HBD : 26 – 43
H2 : HC Bierchem – HBD : 31 – 27
U15G: HBD – Entente Kordall : 39 – 7
U17F: HBD – HB Museldall : 22 – 31
Weider geet et mam Championnat, des Matcher stinn un:
E Samschden, 23/11/2024:
U15F : HBD – Entente Kordall um 14.00 Auer
U17G : HBD – HC Bierchem um 16.00 Auer
D1 : HC Standard – HBD um 18.00 Auer
H1 : HC Bierchem – HBD um 20.15 Auer
E Sonnden, 24/11/2024:
U11 : Turnéier um Standard um 9.00 Auer
U11 2 : Turnéier zu Schëffleng um 9.00 Auer
U17F : HB Käerjeng – HBD um 15.30 Auer
H2: HBD – Miersch 75 um 18.00 Auer
Let’s go Fiiss!